Wa mir d'Méiglechkeet hunn en Restaurant unzesteieren, dann wier dat bei deem Engen eng Pizzeria, en aneren zitt et éischter bei de Chines an déi, déi sech et eppes kaschte loosse wëllen, ginn vläicht emol gastronomesch iessen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth kuckt haut iwwer de Menüsplang vun den Hauskazen a mengt "Kazen géifen Mais kafen".

11-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Kazen geife Mais kafen

 

© dpa/AFP/Archiv/Peter Steffen

E Buch vum Hans-Ulrich Grimm, mam Ënnertitel „Schwarzbuch Tierfutter“, dat mat anere Publikatiounen, wéi „Toxic Croquettes“ vun der éisträichescher Kolleegin Jutta Ziegler munches un d´rullen bruecht hat. D´Déierendokteren hu méi kritesch op Etiketten vum Industriefudder fir déi mat de sametten Patten gekuckt an Alarm geschloen. A Krocketten an Dousen waren oft iwwert d´Hallschent Nutrimenter an Zousazsubstanzen, mat deenen d´Kazen am beschte Fall näischt ufänke konnten. Schlëmmstefalls si si doduerch krank ginn.  Fir Kazen wéi eise Praxiskueder Balou, deen an de Gäert a Wisen an der Millebaach all Dag op d´mannst eng bis zwou a meeschtens nach méi Mais, Raten, Kaweechelcher asw fänkt a frësst, war dat guer net schlëmm

11-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Kazen geife Mais kafen

Bei deene „Fräigänger“-Kazen wäerte Saachen, déi aus der Gamelle net esou gesond sinn, einfach verdënnt ginn mat deem wat Kazen vu Natur hier am Fong gemënzt sinn, ze friessen?!

Virun der Zäit vum Industriefudder si Kazen meescht just gehale ginn fir aus der Mënscheperspektiv Schueddéieren ze joen. De Standardmenu dernieft war Mëllech mat Brout a Gromperen. Eng  Etüd vun der Uni Uppsala un ausgegruewene Schanken vun Hauskazen vun deemools beweist, dass si och mat deem Regim scho ganz al konnte ginn. Kaze si bal exklusiv Fleeschfrësser. Mais ausser Galeblosen friesse si och hier Mais mat Haut an Hoer an allem drëm, drun an dran. Indirekt jo dann och Planzen, déi aartgerechterweis och am kaafte Fudder  sollte sinn. Céréalen oder carrement Zocker a Karamell als Conservateuren oder sou genannt Geschmaachsverstäerker sollte méiglechst net an de Béchsen oder Krocketten dra sinn. A vu dass Kazen am Alter ëmmer méi kriddeleg a stuer mam Fudder ginn, sollte ee si scho  jonk nieft dem Fudder aus dem Buttek och u réit Fleesch, Fësch a Gefligel gewinnen.

11-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Menuplang bei Kazen