Hausdéieren sinn fir vill vun eis en treien Partner. Se sinn ëmmer do wann een Heem kënnt, a waarden drop dass ee mat hinnen eppes ënnerhëlt oder sinn einfach frou wann et eppes ze baffe gëtt. Dass se och emol krank kënne ginn, kënnt engem ëmmer eréischt an de Kapp, wann eppes net méi normal mat hinnen ass. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth weess awer och, dass et näischt bréngt de Kapp ze fréi hänken ze loossen.

"Den Tom ass e pechschwaarze Kueder vu bal 19 Joer. An als Kueder kann hien jo zwar net an der Lotterie matspillen. Mais wat hien iwwerlieft huet, bleift net wäit aus der Géigend vun engem Haaptgewënn am Lotto. Well hien, wat bei sengem Alter leider bal schonn normal ass, schlecht Niren an en Häerzproblem huet, mä beim beschte Wëllen net ze iwwerzeegen ass, seng Medikamenter per Pëllen ze huelen, muss hien reegelméisseg bei säin Dokter bruecht ginn."

16-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Gleck am Ongleck

Dat ass jo awer dann fir hien och keng Cinécure?

"Jo, a säin Häerz a seng Nieren géife vun deeglecher Behandlung doheem vill besser profitéieren! Mais maach dat emol enger Kaz kloer. Si kënnen immens stuer sinn. A sech och terribel opreegen. De leschte Punkt hat dem Kueder Tom op en Hoer d´Liewe kascht. Wéinst dem Stress um Transportwee hin an zeréck bei den Dokter, an natierlech och an der Consultatioun, huet hien, knapps erëm Doheem ukomm, eng Aorten-Thrombos gemaach. Dat ass eng Zort Schlag. E Batz geliwwert Blutt hat d´Bauch-Haaptoder zougesat, do wou déi sech an déi zwee Hapt-Beenoderen opdeelt. Dat deet schrecklech wéi, wouwéinst hien gebierelt huet wéi ee Far an duerno un den hënneschte Been wéi geläämt war. Aner Kazen wieren deen Ament oder Minutten drop gestuerwen.  Den Tom huet awer nach gelieft a seng Leit wollten net opginn. Mat Medikamenter géint d´Péng, fir ze berouegen an d´Oderen opzemaachen a virun allem mat ganz vill Massagen geet den ale Kazenpätter elo hanne zwar e  bësse méi wackeleg, mä d´Mais an d´Villercher an och déi aner Kazen maache schonn erëm e groussen Ëmwee ëm hien."

16-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - e Schlag