Schockela ass emol sou eppes Guddes fir eis Nerven ze berouegen. Awer wéi ass et mat eisen Déieren? Dierf een wann een eng Tablett ugefaange huet och dem Flocki emol e Mäifelchen matginn, oder ass et keen Zoufall dass, wann ee beim Numm Schockela den ela als Schluss ewech léisst, just nach Schock bleift. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth kläert eis op.

De Milo an d´Zoe, Hybrid-Honn aus den zwou Rassen Australian Shepherd an Golden Retriever, ware fit ewéi Turnschlappen, eleng scho wéinst hirer gudder Genetik, mä och wéinst stonnelaangen  Trëppeltouren all Dag iwwer Bierg an Dall. Dowéinst hate si, wat hier grad esou sportlech Leit bis haut net verstinn, et och fäerdeg bruecht, un eng eisen Reserve vu Séissegkeeten ze kommen, déi wäit uewen an enger Stallage an och nach hannert de Kachbicher verstoppt war. Nodeems d´Famill vum Akafen an engem Covid-Test, fier deen si laang an der Schlaang stoungen, no e puer Stonnen erëm koum, ware vun siwen 100-Gramm-Tabletten „quadratesch-praktesch-guddem“ Mëllechschockela der nëmmen nach 5 do, wéi och den zerfatzten Apakpabeier um Tapis bewisen huet. E puer Méint virdrun war an der Noperschaft ee butzege Puddel gestuerwen well hien eng kleng Këscht däischter Schockelasknippercher verhaft hat. Dowéinst waren dem Milo an dem Zoé hier Leit elo ferm am Leed an hunn direkt an der Praxis ugeruff

25-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Deiereschockela

Wat fir Symptomer weist dann en Hond mat Schockelasvergëftung, a wat kann een dann nach ënnerhuele fir ze hëllefen?

Dat Toxescht um Schockela fir Honn - an iwwregens och fir Kazen - ass den Theobromin aus dem Kakao. Dat ass eng Substanz, déi op den Häerz-Kreeslaf- an och op de Verdauungs- an de Nervesystem wierkt. Well se reng anatomesch do fir d´éischt ukënnt, sinn och déi éischt Symptomer däer vum Mo an Daarm: et geet vir an hannen ewech. Da fänken déi krank Déieren un ganz bëseleg ze ginn, ze sabbelen an ze zidderen, heiansdo esouguer richteg mat Krämp an d´Kränkt ze falen. Well an deem Stadium dann och d´Häerz mat Häerzrhythmusstéierungen schwéier ugegraff ass, komme vill Honn, besonnesch méi Krappeger, déi dann och nach- wéi dee klenge Puddel- schwaarze! Schockela gefriess haten, séier an de Koma. De Milo an d´Zoé hate Chance. Mat hirem Kierpergewiicht vun iwwer 20 Kilo hätte si jiddereen scho bal 400 Gramm Mëllechschockela schuppen missen fir op eng sécher déidlech Wierkung ze kommen. An deem Fall hätt een onbedéngt missen mat Apomorphin esou séier a vill wéi méiglech Schockelasgëft iwwert Briechen aus hirem Kierper erauskréie missen. D´Zoé, och soss dat verfroossenst vun deenen zwee, hat warscheinlech dat meescht vun den am ganzen awer nëmmen 200 gr Mëllechschockela gefriess. A sengem Bauch huet et e bësse gerubbelt. Hatt wollt näischt friesse, war och méi wibbeleg. Fir kee Risiko anzegoen, ass hatt mat enger Therapie aus Kueltabletten an e puer Injektiounen géint d´symptomatesch Problemer behandelt ginn. Fir sécher ze goen, krut och de Milo fir zwee Deeg Kueltabletten mat. An de Schockela ass elo bommesécher verstoppt: hannert enger Schafendier mat Schlass drop.

25-02-2021 Deierentipps - Romi Roth - ass Schockela gefeierlech

RTL

© Barry CALLEBAUT/AFP/Handout