Et gëtt sou verschidden Krankheeten, do rëselt ee sech schonn wann een den Numm nëmmen héiert, och wann ee sech direkt näischt drënner virstelle kann. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall aus der Praxis matbruecht deen dat schéin beschreift. An alles ass op Parvoviros erausgelaf.

"Wéi seng nei Famill de Coco als Noutfall an d´Praxis bruecht hunn, war dee butzege Puddelridd nach just ee Kéipchen Misär dee schlecht geroch huet. Dobäi hat een dach alles nëmme ganz richteg maache wëllen. Dowéinst sollt dee klenge Männchen virum éischten Impftermin eng Zäit emol richteg a sengem neien Doheem ukomme gelooss ginn. De Coco hat wuel vun Ufank un ëmmer den Hick, huet vill gegaapst an hat och ze mëlle Stull. Dat hate seng Leit am Ufank just dem Plënnerstress zougeschriwwen. Well de Mippchen aus enger Famill mat siwe Geschwëster an fënnef erwuessene Puddelen an e Liewen als Singledog katapultéiert gi war, wollte seng Leit hien méiglechst vill mat de Muppen aus der Noperschaft zesumme komme loossen. Wéinst der Gesellschaft an och fir vun den aneren Honn e bëssen ofzekucken, wou ee seng Kommissiounen ze maachen huet, hu si de Männchen e puermol all Dag an de Muppepark vum Quartier bruecht. Wéi dunn um Zonk vun där grousser Wiss op eemol ee Flyer vun der Gemeng ugemaach war, dee viru Parvoviros gewarnt huet, war de Coco scho vill krank."

02-03-2021 Deierentipp Romi Roth - Parvoviros

Gëtt dann net géint Parvoviros direkt och scho bei ganz klenge Mippercher geimpft?

"Am Fong jo a bis haut ass net ganz kloer, firwat de Coco a seng Geschwëster ouni Impfung bei hier nei Famille koumen. Vläicht wéinst de Wierm, wéinst deenen dee klenge Puddel och esou vill gehickt a gegaapst huet, mam net falschen Argument, dass eng Impfung dann net esou gutt ugeholl gëtt.

De Coco hat elo op eemol ganz uergen, bluddegen  Duerchfall an huet sech och vill missen iwwerginn. Mat engem Schnelltest gouf confirméiert, dass de Männchen d´Parvoviros erwëscht hat. Fir de Flëssegkeets- an den Elektrolytverloscht auszegläichen huet dee klenge Welpen vill Baxteren an och Antibioticken géint bakteriell Komplikatiounen a Medikamenter géint den Duerchfall an de Bauchwéi misse kréien. Fir annerhallef Woch huet hien missen zwangsgefiddert ginn. Soubal säi Stull erëm e bësse méi fest war, konnt mikroskopesch op Parasiten analyséiert ginn. Well dobäi wéi scho geduecht erauskoum, dass dee klenge Männchen och immens vill Spullwierm hat, huet hien, esoubal de Mo berouegt war, och Wuermmëttelen kritt. Dass dee klenge Puddel um Enn wann och vill geschwächt, iwwerlieft huet, ass ee Wonner. En Impfprotokoll, dee scho beim Ziichter zäitgläich mat enger Parasitenbehandlung duerchgezu gi wier, hätt dee ganze Misär verhënnert."

02-03-2021 Deierentipp Romi Roth - traitement