D’Gesondheet vun eisen Zänn ass enk mat eisem Allgemengzoustand verbonnen an dofir ass et immens wichteg gutt op dës opzepassen. Dat kritt een als Kand gesot an awer huelen eng ganz Partie Leit, Nicky Soisson, nach net déi néideg Precautioune fir hier Salle à manger an der Rei ze halen.

18022021 Gutt op eis Zaenn oppassen ass immens wichteg

Botzt ee seng Zänn net richteg, da kënne no enger bestëmmter Zäit potentiell Erkrankunge wéi Karies, Gingivitis oder och Paradontitis entstoen. Dat si chronesch Entzündungen um Niveau vum Zännfleesch a vum Kiefferknachen. Wéi een déi Saach mat der Mondhygiene dann elo richteg ugeet, erkläert den Dr Luca Pascolini:

“Grondsätzlech kann ee sech un déi sougenannten 2x2 Formel halen, also op mannst 2 mol den Dag, am beschte Moies an Owes, fir 2 Minutte seng Zänn ze botzen. Besser wier et natierlech, wann et méiglech ass, dat Ganzt 3 mol den Dag fir 3 Minutten ze maachen. Eng elektresch Zännbiischt weist a rezentste Studie besser Resultater par Rapport zu enger Handzännbiischt. Mir recommandéieren dofir eise Patienten eng elektresch Zännbiischt. Déi modern elektresch Zännbiischten hu Funktiounen, déi dem Patient d’Zäit an d’Qualitéit vum Botzen uweisen. Soumat ass et och deelweis méiglech mat enger elektrescher Zännbiischt, dass de Patient doheem gehollef kritt wéi e seng Zänn am beschten an am effektiivsten doheem botze kann. Wichteg ass och den zousätzleche Gebrauch vun Zännseid oder interdental Biischte mat deenen een och all Kéier nom Botzen tëscht den Zänn nobotze sollt.”

Ma net nëmmen d’Zännbiischt spillt eng wichteg Roll, och déi richteg Zahnpasta sollt ee benotzen. Entscheedend dobäi ass d’Konzentratioun vum Fluorid. Mee awer net all Patient sollt déi selwecht Zahnpasta benotzen:

“Wichteg ass virun allem, dass zum Beispill d’Kanner wéinst hirem Alter an hirem Kierpergewiicht eng aner Zahnpasta mat enger méi niddreger Fluoridkonzentratioun benotze solle wéi déi Erwuessen. Ass ee sech do awer net wierklech sécher, roden ech all Patient säin Zänndokter ze froen, dee kann engem ganz genau recommandéiere wéi eng Zännbiischt a wéi eng Zahnpasta am beschte bei hie passen.”

Dobäi kënnt dann nach, dass all Patient beim Zänndokter individuell betruecht a behandelt gëtt well net jiddereen huet déi selwecht Zänn a vill Facteure wéi zum Beispill den Alter oder de Gesondheetszoustand hunn e groussen Impakt op eis Zänn:

“Aus dësem Grond ass et och wichteg, dass de Patient op mannst 2 mol am Joer bei eis an d’Kontroll kënnt. Dës preventiv Mesuren erméiglechen eis et fréizäiteg an och individuell op d’Besoinen an och op d’Problemer vum Patient geziilt kënnen anzegoen.”

Geet een also 2 mol am Joer bei den Zänndokter an d’Kontroll an hält sech un déi erwäänten Hygiènesmesuren doheem, ass et méiglech a ville Fäll Erkrankunge wéi Karies oder Paradontitis besser ze limitéieren oder och am Idealfall guer net entstoen ze loossen. Och wann déi modern Zännmedezin eis hautzedaags wierklech ganz gutt an och ganz vill Méiglechkeete bitt feelend oder krank Zänn ze ersetzen sou ass et awer wichteg:
Dass de Patient sech bewosst gëtt, dass déi beschten Zänn nach ëmmer seng eegen a gesond Zänn sinn.”

Ma net nëmmen, dass eis Zänn krank gi wa mir net gutt drop oppassen, hiren Zoustand kann eis och Réckschlëss iwwer méiglech Erkrankungen oder Mängel ginn. Esou kéint een effektiv iwwer eis Zänn Krankheete wéi Diabetis, Osteoporos, Stress oder souguer Kriibs, Häerzkrankheeten oder Alzheimer erkennen. Wann Dir Iech onsécher sidd, da frot am  beschte bei Ärem Zänndokter no.