Am RTL Wecker ass et bei eis haut ëm de Black History Month gaangen. Eng Initiativ, déi viru bal 100 Joer an d' Liewe geruff ginn ass vun engem Amerikaneschen Historiker. De Carter Woodson gëllt als de Papp vun der Afroamerikanescher Geschicht, hien huet sech dru gestéiert, dass an de Geschichtsbicher ëmmer just déi wäiss Perspektiv duergestallt gouf. Och hätten schwaarz Perséinlechkeeten aus allen Secteure vun der Wëssenschaft, iwwert de Sport oder och der Kultur manner Unerkennung kritt wéi wäiss Mënschen. Dowéinst huet hien 1926 d' Negro History Week organiséiert. Eng Woch am Februar wou de Narrativ aus Sicht vun Afrodescendante méi an de Fokus soll kommen. Engersäits sollen negativ Eventer opgeschafft ginn, mee awer och positiv Saachen, wéi besonnesch Perséinlechkeeten ervir gehuewe ginn.

25/02/2021 Black History Month

Zanter 45 Joer ass et dann net just méi eng Woch, mee direkt e ganze Mount. Dat ass virun allem an den USA an a Kanada sou. Hei zu Lëtzebuerg gëtt dat duerch d' sozial Reseaue méi bekannt. D' Laura Zuccoli vun der ASTI.

Laura ZuccoliEt ass awer elo net wéi wann dat op jiddwerfalls eng grouss Manifestatioun ass. Wat awer sécher ass, dat ass, dass zu Lëtzebuerg säit genau engem Joer praktesch no enger Konferenz déi ënner anerem d´Asti organiséiert hatt, am Kader vun der Being Black in Luxemburg wou mir eng Etüd virgestallt hunn a wou Leit, déi vun enger Originn africaine sinn sech diskriminéiert fillen. 

 

Zu Lëtzebuerg ginn et Stand 2020 170 verschiddenen Natiounen, den Auslännerundeel ass bal d' Hallschent vun eiser Gesellschaft. An mir sinn ee Land wat scho ganz fréi vun der Migratioun beaflosst war. Wéi Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert duerch d' Stol an Eisenindustrie vill Sue verdéngt huet an awer och vill Aarbechter gebraucht huet, gouf et virun allem vill Immigratioun. Virun där Zäit sinn awer och vill Lëtzebuerger ausgewandert op all méiglech Plazen op der Welt. De Marcel Lorenzini ass de President vum Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, Lëtzebuerger géing een bal iwwerall op der Welt fannen.

Marcel Lorenzini: Mir wëlle soen, dass et Migratioun ëmmer ginn ass, wäert ginn an och gëtt, datt mir do net dolaanscht kommen. Dat ass et nach ëmmer ginn an der Geschicht. Et kann ee souguer soen, dass et ouni Migratioun keng Geschicht gëtt. Déi huet ëmmer nei Impulser bruecht an huet eppes beweegt. Mir versichen ëmmer Dokumenter iwwert d'Auswanderung an d'Awanderung ze sichen, Parallelgeschichten opzestellen. Ech mengen néierens op der Welt gëtt et eng Géigend wou kee Lëtzebuerger war. Ech mengen et gëtt och a kenger Famill, déi keng Leit huet déi ausgewandert ass. Ob dat elo an Amerika war oder a Brasilien. 

 

Virun 400 Joer sinn déi éischt Sklaven an Amerika ukomm. 12, 5 Millioune Mënsche goufen esou entfouert an op den Nord- a Südamerikanesche Kontinent bruecht. Eng Geschicht, déi net just d' USA concernéiert, mee och europäesch Länner, deenen hir Schëffer déi Route gefuer sinn an afrikanesch Elitten, déi d'Leit verkaaft an sech beräichert hunn. Lëtzebuerg wär keng Kolonialmuecht, wär awer net ganz ausgeschloss gewiescht. Nach eng Kéier de Marcel Lorenzini.

Marcel Lorenzini: Loosse mir sou soen, Lëtzebuerg hat ni Kolonien, awer huet ëmmer gutt dovunner profitéiert. Lo ganz béis ausgedréckt. Et war net nëmmen individuell wou Leit, an d´Friemelegioun gaange sinn, Patere gi sinn oder sech Lännereien do ënne recuperéiert hunn an sech do Plantage gemaach hunn. Et waren individuell Charakteren, mee et war ekonomesch an hallef offiziell Verbindungen déi do waren.

 

De Black History Month huet net just Frënn. Vill Leit kritiséieren och d' Limitten an de Sënn vun sou engem Mount. Am Joer 2021 no Biergerbeweegunge wéi Black Lives Matter oder Etüde wéi Being Black in Luxemburg wou Lëtzebuerg a Saachen Diskriminéierung net gutt ofgeschnidden huet, ass et awer en Deel vun der ëffentlecher Diskussioun. Déi ganz Reportagen am Detail vum RTL Wecker fannt Dir wéi gewinnt bei eis um radio.rtl.lu.