D'Geschicht iwwert d'Fuersche vum Zocker an dem Insulin ass eng laang, un där vill Leit hiren Deel dozou bäigedroen hunn. Vu Lëtzebuerger Säit aus ass se ëmsou méi interessant, well och e Lëtzebuerger an deem Kontext dacks genannt gëtt. D'Marie Gales mat den Detailer.

24/02/2021 D'Insulinfuerschung

2020 goufen 100 Joer Insulin gefeiert. Den 31. Oktober 1920 hat de kanadesche Chirurg Frederick Banting seng Iddi opgeschriwwen wéi e bei engem bestëmmte Virgang bei Hënn un Insulin kéint kommen. Mat him geschafft huet de Biochemiker Charles Best, awer och virdrun hate Leit wéi Ernest Lyman Scott an den USA, de Georg Ludwig Zülzer a Camille Reuter an Däitschland wéi och dem Nicolae Paulescu a Rumänien um Insulin gefuerscht. Nom Banting war et dunn dem Biochemiker James Collip aus Kanada gelongen, mam Insulin aus dem Pankreas vu Schluechtdéieren Mënschen mat Diabetes ze behandelen. Dofir een Numm an dem Ganzen an e ronne Gebuertsdag ze nennen, ass net ganz richteg.
Ma konzentréiere mir eis op de Lëtzebuerger, deen do matgefuerscht huet, an zwar de Camille Reuter. D'Kannerdoktesch an der Kannerklinik, Carine de Beaufort erkläert.

1914 si schonn Dokumenter do gewiescht, dat de Lëtzebuerger Camille Reuter gefuerscht huet am Labo vu Roche un der Grenz vun Däitschland an der Schwäiz. Deen huet dat zesumme mam Chemiker Zülzer gemaach an si 2 hunn de Produkt vun der Bauchspeicheldrüs getest, op Kanéngercher oder op Meis an déi hu gekrämpft. Wéi se dat gemaach hunn, huet de Zülzer gesot, datt een dat direkt misst stoppen. De Camille Reuter sot awer nee, datt dat en Effekt vum niddrege Bluttzocker wier an datt se dowéinst gekrämpft hunn. Wat si do gesprëtzt hunn, hät en Afloss op de Bluttzocker a si missten do weidergoen. Dat hu si da presentéiert bei der Direktioun vun der Firma an déi war net enchantéiert iwwert d'Methode an hunn net gegleeft, datt d'Leit sech e Liewe laang eng Pickür géife maachen, also sech sprëtzen. Dunn ass den 1. Weltkrich ausgebrach an de Camille Reuter koum zréck op Lëtzebuerg, huet seng Recherchen net publizéiert, well e wollt nach e puer Saache confirméieren. An do war et gelaf.

De Camille Reuter gouf  de 17. Januar 1886 zu Boufer gebuer. Nodeems hien zu München an Zürech Chimie studéiert hat, krut hien 1909 säin Diplom als technesche Chemiker. Hie goung bei de Richard Willstätter léieren, deen 1915 den Nobelpräis fir Chimie krut an 1913 hat de Camille Reuter eng Plaz an der Pharma-Entreprise Hoffmann-la-Roche zu Basel ugeholl.
Wéi den éischte Weltkrich ausgebrach ass, koum de Lëtzebuerger heem bei seng Elteren an goung an de Labo op d'Hadir zu Déifferdeng schaffen. Januar 1924 hat hien déi beweegte Geschicht vun der Insulinfuerschung am Joresheft vun der "Société des naturalistes" zu Lëtzebuerg publizéiert.
Aus der haiteger Sicht ass et bal net ze verstoen, datt déi d'Technik fir e wierksaamt Insulinpräparat, dat am Summer 1914 scho bekannt war an net publizéiert gouf. Insulin hätt domadder vill éischter kënnen zur Verfügung stoen. De perfekte Wee war do, mä déi leschte Schrëtt konnten net gemaach ginn.

De Camille war ee vu 5 Gesëschter, säi Brudder war den Emil Reuter, deen 1918 Staatsminister gouf. Den 1. Februar 1974 ass de Camille Reuter am Alter vun 88 Joer gestuerwen.

A wéi d’Behandlungsmethode vum Diabetes sech iwwer déi lescht Jorzéngte verbessert hunn, dat kann een dëse Sonndeg Owend am Pisa op RTL Tëlee kucken. Mat donieft och nach wéi den Zocker aus Asien iwwer Amerika an Europa koum a mat enger Zockerrakéit weisen den Olivier Catani a Mister Science wéi vill Energie am Zocker stécht.

Hei nach weider Detailer, zum Zocker an Insulin.

D'Kannerdoktesch d'Carine de Beaufort erkläert wat den eigentleche Problem ass, bei Erwuessenen an och bei Kanner:

24/02/2021 Wat sinn d'Probleemer bei Erwuessenen an och bei Kanner? WEB

Wat sinn d'Laangzäitwierkungen?

24/02/2021 Wat sinn d'Laangzäitwierkungen? WEB

Wéi ass et mat deene Pompelen, och bei Kanner?

24/02/2021 Wéi ass et mat deene Pompelen, och bei Kanner? WEB

Wéi gesäit et fir d'Zukunft aus?

24/02/2021 Wéi gesäit et fir d'Zukunft aus? WEB

Et gi jo 2 Zorten Diabetes, Typ 1 an Typ 2. Wat fir ee geet an d'Luucht? (och bei Kanner)

24/02/2021 Typ 1 an Typ 2. Wat fir ee geet an d'Luucht? WEB