Bléi vum Séi, Véi vum Séi, Kären a Gebäck vum Séi, Téi vum Séi oder Duch vum Séi... haut ware mer do uewen um Stauséi an hunn eis fir dee berüümte Label interesséiert. Mir wollte wësse wat derhannert stécht, a wat de Sënn an Zweck ass, respektiv wéi geschafft gëtt.

05/03/2021 Best Of - Vum Séi

Ganz fréi ware mer fir t'éischt an der Téifabrik. De Charel Marx, President vum Téi vum Séi huet dem Michèle eng Taass Téi gemaach...

05032021 Best of - Vum Séi - Téi

05032021 Best of - Vum Sei - Tei

Och d'Käre bleiwen an der Regioun, ginn hei ugeplanzt an dono verschafft. De Landwirtschftleche Beroder Frank Elsen huet d'Zieler erkläert, an dono goung et direkt bei de Bäcker:

RTL

© miSchons

05032021 Best of - Vum Séi - Kären a Gebäck

05032021 Best of - Vum Sei - Kaeren a Gebaeck

An zu gudder Lescht ware mer och nach an d'Duchfabrik op Esch-Sauer, wou allerhand Stëfter gemaach ginn, fir Decken, Pillemen, Poschen, Schachtelen, an de Jean Marie Reimen huet dem Michèle d'Wiefstill gewisen.

RTL

© Conny Koob

05032021 Bestof - Vum Séi - Duch

05032021 Best of - Vum Sei - Duch