Net fir näischt seet een et wier ee mam falsche Fouss opgestanen, wann een e schlechten Dag huet. Wéi mir eisen Dag ufänken, huet e groussen Afloss dorobber wéi en oflafe wäert, wéi mir eis dobäi fillen a wat mir leeschte kënnen. Dofir spillen déi éischt Minutten am Dag eng wichteg Roll, déi een definitiv net ënnerschätze soll. Fir dass de Start an den Dag och Iech gutt geléngt, sollt Dir verschidde Saache léiwer op der Säit loossen. Nicky Soisson.

24022021 Wat een net direkt nom Erwaeche maache soll

Och wann et natierlech reizt moies am Bett direkt mol kuerz op Facebook a Co luussen ze goen, ass dat en denkbar schlechte Start an den Dag. Engersäits gitt Dir domat nach virum Opstoe meeschtens mat net besonnesch gudde Noriichten aus der Welt konfrontéiert, anerersäits bleift et och net bei deem kuerzen eraluussen. Wann Dir den Telefon scho souwisou an der Hand hutt, da ginn dann anengems och nach séier d'Mailen, de Kalenner oder d'Message gekuckt a scho sidd Dir virum Opstoen net nëmme gestresst, mee hutt och nach wäertvoll Zäit verluer, déi Dir besser dofir genotzt hätt gemittlech Kaffi ze drénken.

An dann ass och nach déi Saach mat deem Snooze Button um Wecker, fir mech eng vu menge meescht benotzte Funktiounen um Handy. 5 Minutten si schliisslech 5 Minutten a Moies ass dach all weidere Moment am Bett extrem wäertvoll. Falsch gemengt, well domadder mécht een ee vun deene schlëmmste Schloffeeler iwwerhaapt! Well wann een an deene 5 Minutten nach eng Kéier schléift, da geet de Kierper dovunner aus, dass en nach e Schlofzyklus duerchlafe kéint. Well en dofir awer däitlech méi laang brauch wéi d'Dauer vum Snooze, erwächt een dono nach méi gebrach wéi virdrun an et huet een dann och seng Problemer daagsiwwer zou sech ze kommen.

Soubal de Wecker schellt, soll een aus senger Schlofpositioun eraus. Dat heescht net, dass Dir direkt opstoe sollt, mee de Kierper lues awer sécher op d'Opstoe virzebereeden, ass sécherlech kee Feeler.  Streckt Iech mol gutt a loosst esou all Partie vun Ärem Kierper lues awer sécher erwächen. 

Wann Dir da mol aus dem Bett sidd, da féiert deen 1. Wee nawell dacks bei d'Kaffismaschinn. Kee gudde Plang, Moies schëtt eise Kierper nämlech vill Cortisol aus, en Hormon, dat eis mat Energie fir de Start an den Dag versuergt. Wie Moies direkt mat enger Taass Kaffi den Dag ufänkt, dee setzt d'Produktioun vum Cortisol erof a suergt dofir, dass de Recht vum Dag nëmmen nach mat weideren Tase Kaffi ze packen ass.

Luucht spillt beim Erwächen iwwregens eng grouss Roll. Wat et méi hell beim Opstoen ass, wat mir méi liicht waakreg ginn an ëmsou besser an den Dag starte kënnen. Dofir soll een direkt d'Rideauen oder d'Rolllueden opzéien an Dagesliicht erakomme loossen. Ma grad am Wanter suergt d'Däischtert dofir, dass et ville Leit schwéier fält richteg waakreg ze ginn. Dee Moment soll een dann net mat Hellegkeet dobannen spueren.

Eng Etüd huet dann och nach gewisen, dass Leit, déi Moies hiert Bett maachen, méi glécklech wieren,wéi déi, déi sech nom Opstoen net méi domat befaassen. Säi Bett ze maache wier dobäi den 1. Schrëtt an en organiséierte Moie mat festem Oflaf an dat géing hëllefe besser an den Dag ze starten.

Ofgesinn dovunner gëtt et dach näischt méi Schéines wéi Owes an esou e gemaachent Bett ze klammen.