All leschte Sonndeg am Mount organiséiert de Robert Léon Philippart ganz speziell Trëppeltier duerch d'Stad wou hien de Leit déi matginn verzielt wat dann deemools op dëser oder där Plaz fir e Gebai stoung. Hien weess wien den Architekt war respektiv kennt och nach déi eng oder aner schéin Geschicht ronderëm. Lo war war zwar haut net Sonndeg, an och net de leschten, mä den éischten Mëttwoch vum Mount an dofir war de Moien just eisen RTL Reporter als Mini-Grupp mat ënnerwee.

03-03-2021 RTL Reporter (1) RL Philippart vis a vis

Natierlech ass et och ëmmer gutt Informatiounen aus éischter Hand ze kréien, wéi hei vun der Original-Wiertsfra aus dem vis-à-vis um Eck vun der Beaumontsgaass mat der Kapuzinergaass, also vis-à-vis vun der Paterskierch.

03-03-2021 RTL Reporter (2) Martine Wagner vis a vis

Eng gelleg Verwandlung huet den och den Aldringer matgemaach. Beim Arrêt Hamilus vum Tram, war am Laf vun de Joren e groussen vas et vient erënneren d'Maartleit sech de Moien.

03-03-2021 RTL Reporter (3) Maartleit
RTL

An den Historiker Robert Léon Philippart konnt natierlech nach vill méi weit an der Zäit zréckgoen, an konnt e puer intressant Aspekter bäisteieren.

03-03-2021 RTL Reporter (4) RL Philippart Hamilius)

An déi nächst Promenade architecturale ass e Sonndeg 28. Mäerz, do geet et ëm "d'Villaen um Boulevard Servais". Wéinst der Pandemie muss ee sech umellen.