26 Buschtawen huet dat klassescht Alphabet. Jee nodeem a wéi enger Reiefolleg een déi eenzel Buschtawen asetzt, ännert sech de Sënn. Mat Wierder vermëttele mir Wëssen, Informatiounen oder kënnen Emotiounen ausléisen a souguer Poesie produzéieren. Eemol d´Joer rifft de Printemps des Poètes Luxembourg zu engem Concours op, wou virun allem nach onerfueren Dichter d´Chance hu mat ze maachen. D´Thema dëst Joer ass "le Désir". 

03032021 Concours fir jonk Dichter

Dat franséischt Virbild gëtt et mëttlerweil iwwer 20 Joer, ma zu Lëtzebuerg ass et dës Kéier déi 10. Editioun wou dozou opgeruff gëtt, d’Fieder an de Grapp ze huelen, respektiv am Joer 2021 wuel éischter an d'Tastatur ze klappen. Dat ganzt gëtt et a véier Kategorien, déi éischt zwou si fir Schüler a Schülerinnen tëscht 11 a 14 Joer a 15 a 19 Joer. Duerno gëtt et nach eng fir Studente vun der Uni an zanter zwee Joer kënnen och Erwuessener an enger leschter Kategorie matmaachen. D´Delia Pifarotti organiséiert de Concours mat an erkläert.

Delia Pifarotti: Natierlech et solle keng Leit sinn, déi scho publizéiert gi sinn als Auteur oder als Dichter. Et geet éischter ëm de Spaass um dichten entdecken. A fir sech ze soen, wow ech maache mol bei dem Concours mat a kucke wéi mäin Text esou ukënnt an ob ech dat fäerdeg bréngen. E bëssen een Defis. Et muss een heiansdo zu sengem Gléck bruecht ginn. Et entdeckt ee vläicht eppes an denkt een sech, dat doe muss ech hei weiderféieren. Sou ass dat gemënzt, dofir hu mir véier Kategorie vu Leit, déi kënne matmaachen. 

 

Et geet virun allem dorëms déi Leit unzeschwätzen, déi bis elo nach net vill Experienz an deem Beräich gesammelt hunn. Nach net dozou komm sinn oder sech vläicht bis elo nach net getraut hunn. Och all d´Sprooche si wëllkomm. Wann d´Gedicht net op Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Franséisch ass, sollt ee just nach eng franséisch Iwwersetzung matginn. 

Delia Pifarotti: Ech fannen dat super, wann een sou vill Sprooche rakritt. well ech fannen all Sprooch huet och säi Rhythmus an och seng Iddien, wéi si ausgedréckt sinn. Déi kann een heiansdo mol net richteg iwwersetzen. An ech freeë mech ëmmer dee Moment wann d’Remise des prix ass, wann d´Leit da kommen a si liesen hiert Gedicht fir an et ass an hirer Mammesprooch. Ech fannen dat ëmmer immens. Dat ass ëmmer ganz emouvant, wann een déi Gedichter a ville Sprooche virgelies kritt. 

 

D´lescht Joer sinn 256 Gedichter erakomm. Am beschten si kommen an engem Word Dokument un. Soss sinn awer der Kreativitéit keng Grenze gesat, wann et ëm d´Form geet. Déi ass net a Stee gemeesselt. Nach eng Kéier d´Delia Pifarotti vum Printemps des Poètes Luxembourg.

Delia Pifarotti: Also ech well soen, et kann een et wuel a Strofen andeelen a Versen, gereimt oder net. A sech u bësse méi archaesch lyresch Stylemëttel halen. Mee dat muss net sinn, et muss einfach aus dem Häerz kommen, et muss eppes ausdrécken. An et muss kennen, wou d´Wuert Lyrik hirkënnt, dat ass jo amfong vum Wuert Lyra, engem Museksinstrument. Et muss einfach melodesch sinn, et muss einfach klengen. E Rhythmus, eng Melodie an einfach gutt doen. Sief fir deen, deen et schreift, sief fir deen deen et ausdréckt, deen et herno liest oder héiert. 

 

De Gewënner kritt zwar och e klenge materielle Präis, den Haaptgewënn fir déi éischt an zweet placéiert an all Kategorie ass et fir Enn Abrëll, wann de Printemps des Poètes ass a bekannten Nimm aus der Welt vun der Poesie op Lëtzebuerg kommen, mat deenen opzetrieden.

Delia Pifarotti: Natierlech gewënnt een do keng Milliounen, mee et ass wierklech de Spaass fir do matzemaachen an sech ze weise mat groussen Dichter. 

 

D´Thema dëst Joer ass den "Désir". Also d´Verlaangen, dat wär awer een Zoufall, dass et grad op ee Joer fält wou d´Inspiratioun no Saachen no deenen ee verlaangert sou no op der Hand läit.

Delia Pifarotti: Et ass esou d´Thema gëtt iwwerholl vun deem Printemps des Poètes deen am Frankräich ausgeschriwwe gëtt. A mir soen ëmmer sou, d´Organisateure vum Printemps des Poètes wann d´Thema eis gefält iwwerhuele mir et. Wann d´Thema eis net gefält, da kënne mir och een anert maachen. Mir si jo net ofhängeg vu Frankräich. Mee dëst Joer ass et eben "le Désir". Sou wei d´lescht Joer do hate mir de Courage. D´Joer nach virdrun, do hate mir la Beauté an da sinn awer schéi Sujete wou een sech ganz dichteresch ka betätegen.

Hei geet et bei d´Umellung vum "Concours Multilingue Jeune Printemps"