Wann d'Temperaturen esou héich si wéi elo déi lescht Deeg, dann heescht dat fir vill Leit d'Fënsteren oprappen, d'Teppecher ausklappen an alleguerten déi aner kleng Aarbechten, déi een de Wanter iwwer vläicht éischter leie gelooss huet. Fréijoersbotz kann een awer net just am Haushalt maachen, mee och am digitale Beräich.

23/02/2021 Digital Detox

Wann ee Moies de Computer umécht an engem en Desktop voller Applikatiounen, Biller an Dokumenter direkt an d'Gesicht spréngt, kéint ee jo scho mol d'Flemm hunn, nach ier een iwwerhaapt richteg ugefaangen huet. Net jiddereen huet och direkt alles um Desktop, trotzdeem sammelen sech gäre mol onnéideg Bierger un Dokumenter un. Dacks sinn dat Saachen, déi een eigentlech net méi brauch. An dat kascht Späicherplaz an natierlech Nerven. Wien méi huet, huet et och méi schwéier den Iwwerbléck ze halen. An dann dauert et vläicht och méi laang fir eppes ze fannen, wann een eppes am Mier vun Informatioune sicht. Et lount sech also vun Zäit zu Zäit alles ganz klassesch duerchzegoen an dat ze läschen, wat een net méi braucht. Déi Saachen, déi engem wäertvoll a wichteg sinn, kann een och nach eng Kéier extern späicheren. Da ginn si sécher net verluer. Dat dauert zwar vläicht fir alles ze zortéieren, mee duerno verléiert een déi Zäit net méi am Alldag.

Dat ass et fir de Computer, mee och den Handy kann een eng Kéier duerchgoen. Och hei kann een sech froen, wat ee wierklech nach notzt. D'Späicherplaz ass virun allem bei Handyen eng wäertvoll Ressource. Et ass awer och eng Fro vun der Privatsphär. Déi meeschten Applikatiounen, déi een sou braucht, hunn Zougrëff op vill Donnéeën, déi eigentlech privat sinn. Eppes wat een dann net méi notzt, kann trotzdeem weider Donnéeë sammelen.

Déi meescht Applikatioune si jo och séier nees erofgelueden, sollt een awer iergendwann s rëm e Wonsch duerno verspieren. Wat awer fir si all gëllt, vun Zäit zu Zäit sollt een d'Astellunge mol iwwerpréiwen. Do kuckt een am beschte wat een enger App alles erlaabt a wat net. Do muss een dacks vu Situatioun zu Situatioun kucken. Eng Täscheluucht brauch keen Accès op eise Standuert zum Beispill, eng Applikatioun mat där een e Wanderwee opzeechent oder d'Kilometer ziele wëll, schonn. Soss funktionéiert et net. Wie mengt, dass eng App ze vill Donnéeën offreet, kann op Nummer sécher goen an déi léiwer läschen. Et fënnt sech fir bal alles eng Alternative, déi da keng onnéideg Donnée sammelt, mee just déi, déi si brauch fir ze funktionéieren.

Wann den Desktop an den Handy da propper sinn, d'Dokumenter an d'Biller zortéiert sinn, da geheie mir nach e Bléck op d'sozial Netzwierker. Och hei kann een eng Fréijoersbotz maachen. Dat kann ugoe mam eegenen digitale Bild, wat ee vun sech weist. Kuckt är Profil mat den Ae vun anere Leit. Wat gesäit een, wat kéint een dorausser iwwert déi Persoun schléissen? Ass dat esou wéi ee selwer wëll digital gesi ginn? Wa jo, da kann een et sou loossen. Awer net alles wat ee virun 10 Joer geduecht a gemaach huet, representéiert een nach haut. Et muss een net alles drop stoe loossen. Am Internet huet een d'Recht drop vergiess ze ginn. Och mir selwer kënnen dovunner Gebrauch maachen. Eng Foto, déi engem net méi gefält, en hëtzege Kommentar, zu deem een net méi steet? Fort domadder! 

Och d'Frënn, Leit oder Säiten, deenen hir Biller oder Kommentaren een ugewise kritt, kann een eng Kéier duerchgoen. Iergendeen vun äre Kontakter bréngt iech reegelméisseg mat nervege Kommentaren op d'Palm? En anere packt sech net andauernd unzeginn an et fillt een sech selwer schlecht vun deem sengem Contenu oder Dir hutt Leit op ärer Lëscht mat deenen dir guer näischt méi ufänke kënnt? Och do kann een blockéieren oder direkt läschen. Grad sozial Medie kënne vill Freed maachen, een awer och vill belaaschten. Wie mierkt, dass verschidde Leit oder Säiten engem net méi gutt dinn, sollt sech dovunner distanzéieren, dat kann heiansdo schonn eng grouss Erliichterung sinn. Da mécht de Gebrauch vum Handy, dem Computer an de soziale Reseauen och nees vill méi Spaass. An dat soll jo um Enn och d'Zil sinn. 

Ma mat engem gutt gebotzte sécheren Handy, Laptop, Computer oder Tablett surft oder schafft et sech dach och direkt vill besser. De beschten Digitalen Detox ass um Enn dann awer och den Ecran vun Zäit zu Zäit einfach ganz wech ze loossen.