Muer fänkt déi 11ten Editioun vum Luxembourg City Film Festival un. Eng Editioun déi souwuel Filmer an de Kinoe wäert weisen, wéi awer och op der Online-Plattform vum Festival. De Loïc Tanson mat den Detailer.

03/03/2021 Luxembourg City Filmfest 2021 RADIO

Zejoert huet de Luxembourg City Film Festival seng 10ten Editioun duerch Covid Kris bedéngt fréizäiteg missten ofbriechen.  Fir datt dat dëst Joer net nach eng Kéier geschitt, haten d’Organisateuren ëm den Directeur Artistique Alexis Juncosa sech vu fir eran mat der Problematik vun der sanitärer Kris ausernaner gesat.

ALEXIS_JUNCOSA_1.wav

Iwwert 100 Filmer ginn dann och dëst Joer um LuxFilmFest presentéiert an dat souwuel am Kino wéi op der online Plattform vum Festival. Eng hybrid Editioun déi awer wéi gewinnt Filmer aus aller Welt zelebréiert a wéist. 8 Filmer goufen fir déi traditionell Fictiounscompétitioun zeréckbehalen, a 6 Filmer fir Dokumentarsélektioun.

ALEXIS_JUNCOSA_2.wav

D’Ouverture mécht Muer den Owend den duebele Golden Globe Gëwenner "Nomadland" vum Chloé Zhao. E naturalisteschen Drama iwwert eng Fra gespillt vum Frances McDormand déi mat hirem Van duerch en Amerika reest dat geplot ass vun der ekonomescher Kris.

Den Directeur Artistique Alexis Juncosa huet awer nach deen een oder anere Geheimtipp deen ee sech um Festival net entgoe loosse soll.

ALEXIS_JUNCOSA_3.wav

All Detailinformatiounen zu den eenzele Filmer fannt dir op www.luxfilmfest.lu, wou dir och Ticketen an Abonnementer fir d’Kinos- an d’Streamingvirstellungen kënnt reservéieren.