Aktuell stieche mir erëm matten dran: an der Faaschtenzäit an dat nach bis Ouschteren. Traditionell fänkt dës Zäit bei de Chrëschten op Äschermëttwoch un an dauert am ganze 40 Deeg. Wärend dëser Zäit heescht et da verzichten, op verschidde Liewens- oder Genossmëttel wéi Alkohol oder Séissegkeeten. Ma d'Faaschte ass awer wäit iwwert dësen Zäitraum eraus verbreet an ëmmer méi Leit entdecken dës Iesspaus fir sech. Nicky Soisson.

01032021 Faaschtenzait mir sinn erem matten dran

Fréier huet een dacks aus Nout gefaascht, ganz einfach well een näischt ze iessen hat. Haut stiechen awer virun allem kulturell oder eben och reliéis Grënn dohannert. Ma déi leschte Jore maachen d'Leit et ëmmer méi dacks aus gesondheetleche Grënn, notamment fir de Stoffwiessel erëm e bëssi op Trapp ze bréngen. Sylvie Paquet, Dieteticienne a chargée de direction vun der Maison du diabète:

"Besonnesch an eisen Zäite wou mer am Fong meeschtens mat ze vill Iessen an dauernd Iessen, zum Deel schlechten Iessgewunnechte konfrontéiert sinn, kann d'Faaschten dann dee Moment hëllefen eben de Stoffwiessel erëm ze änneren a besonnesch wann ee sou Laangzäitfaaschte mécht, dann ass dat oft e Start fir seng Iess- a Liewensgewunnechten ze iwwerdenken an dann einfach dono erëm aneschters unzefänken."

Eng Method déi dobäi ëmmer méi beléift gëtt, ass dat sougenannten Intervallfaaschten wat nawell dacks och als eng Zort Regime verkaf gëtt. Et ass relativ einfach duerchzeféieren an eppes wat vill Leit am Fong vun Natur aus maachen, besonnesch déi déi gewinnt sinn eng Moolzecht ze iwwersprangen. Doduerch ësst een natierlech manner wat dann eben och eng Gewiichtsreduktioun mat sech bréngt. 

"Mee fir dat awer als Ofhuelmethod ze prekoniséieren, op laang Zäit bréngt dat sécherlech näischt. Mee et ass richteg, dass eben déi Iesspaus, dass dat kann e Benefice op d'Gesondheet hunn. An ob een elo d'Moiesmoolzecht oder d'Owesmoolzecht ewech léist, do streide sech d'Geeschter ob dat egal ass an och wat een dertëschent ësst an deene Phase wou een ësst. Do ass ganz kloer de Benefice fir d'Gesondheet besser wann een dann déi Zäit wou een ësst méi gesond ësst an op kalorieräich Séissegkeeten, Alkohol a sou weider gréisstendeels verzicht. An och schéngt et wéi wann et besser wär éischter d'Owesmoolzecht ewech ze loossen, contrairement zu deem wat ganz vill Leit maachen, well dann dee Moment d'Faaschtenzäit iwwert d'Nuecht ass an een dann och besser schléift. Och wann een dann elo Moies seng Haaptmoolzecht huet, dann ass iwwert den Dag dee ganze Stoffwiessel méi reegelméisseg an huet dann och eng besser Auswierkung souwuel op d'Gewiicht wéi och zum Beispill op den Zockerspigel."

Generell heescht et beim Faaschten op e puer Saachen opzepassen. Liewensmëttel déi opputsche wéi Kaffi oder Alkohol soll ee well virdrun op der Säit loosse well dës de Stoffwiessel op d'Kopp geheien. An da soll een och oppassen wat een ësst an där Zäit wou een eben iessen däerf. Liewensmëttel mat engem héijen Ernärungswäert déi genuch Eewäiss a Vitaminne sou wéi och essentiell Fettsaieren bréngen, sollen hei um Dagesmenü stoen. Verschaffte Liewensmëttel, Séissegkeeten, séisst Gedrénks an Alkohol sinn éischter suboptimal wann een de Maximum aus dem Faaschten eraushuele wëll.