De Mënsch stuuft d'Déieren nawell gären als manner intelligent an an ass dacks der Meenung, dass dës an hirer Evolutioun hannendra sinn. Vill Etüden aus der Wëssenschaft an der Verhalensfuerschung hunn allerdéngs gewisen, dass e puer Déierenaarten iwwerraschend héich intellektuell Fäegkeeten hunn. Nicky Soisson.

02032021 Dei gescheitsten Deieren

Wann een un intelligent Déieren denkt, da kënnt engem zu Recht nawell gären direkt den Delfin an de Kapp. Genee sou wéi mir kënne si ganz al ginn, liewen a stabille Communautéiten, weise komplex Emotiounen wéi Freed, Trauer oder Leed. Si kënne Situatiounen duerchkucken a Problemer léisen. Ofgesinn dovunner sinn hir Nokommen, grad sou wéi bei eis, déi éischt Jore ganz op hir Elteren ugewise fir ze iwwerliewen.

D'Gehier vun esou engem Delfin ass dann och immens komplex, e léiert immens séier an huet villschichteg sozial Netzwierker. Kommunikatioun ass fir hien iwwregens och ganz wichteg an dat gëllt souwuel fir d'Kierpersprooch wéi och fir seng verbal Sprooch, déi een duerch Päifen a Klicken an Uecht hëlt. Delfine sinn net fir näischt Déiere mat enger héijer, logescher Intelligenz. Do donieft gläiche si dem Mënsch nawell zimmlech vill wat dee soziale Volet ugeet. Ma si sinn och genee sou virwëtzeg wéi mir. Dat hu brittesch Wëssenschaftler elo erausfonnt.

Och de Schimpans zielt zu den Intelloe bei den Déieren. Dat läit dorunner, dass Afe ganz no mat eis Mënsche verbonne sinn an dowéinst och änlech Verhalensweise wéi mir opweisen. Zum Beispill hier Aart ze denken an ze reagéieren. Schimpanse kënne rechnen, mat hire Partner Aufgaben léisen an anscheinend souguer e bëssi liesen. Ma virun allem hiert Kuerzzäitgediechtnes ass faszinant.
Schimpanse sinn einfach schlau: Fir zum Beispill un eng Kakuett ze kommen, déi an enger laanger, schmueler Vase läit, si si bei Experimenter séier bei d'Waasser gerannt, hunn eng gutt Schlupp geholl an hunn dëst esou laang an d'Vase gespaut bis d'Kakuett uewe geschwommen ass.

Ma the Winner vun den intelligentsten Déieren op der Welt ass awer...den Oktopus! 

Hie kann, als Eenzelgänger, komplex Aufgaben ausféieren an huet e ganz gudde Verhalt. Dobäi kënnt nach, dass sou en Oktopus vun der Gebuert u eng ganz héich Fäegkeet fir d'Léieren huet.
Ausserdeem huet hien e puer wierklech faszinant Capacitéiten a Strategie wann et ëm d'Ernärung geet. Mat sengem kräftege Gebëss kann hie Kriibsen, Langusten a Molluske friessen a fir dës ze fänken, benotzt hie säi gëftege Spaut, dee seng Affer läämt. Bis haut kennt een iwwer 300 verschidden Aarten, ma et wäerten der mat der Zäit wuel nach méi ginn.