Zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen waren Hënt fir e Golden Globe nominéiert, souwuel an derKategorie beschten auslännesche Film wéi beschten Animatiounsfilm. Wederde ganz beréierenden Drama « Deux » vun Tarantula nach defantastesche « Wolfwalkers » vu Mélusine Production goufen awerschlussendlech ausgezeechent. DeLoïc Tanson seet iech wien déi grouss Gewënner vum Owend waren.

01/03/2021 Golden Globes 2021

Et war déi 78ten Editioun vun de Golden Globe Awards déi Hënt simultan vu New York a vu Beverly Hills aus vun der auslännescher Press organiséiert gouf. Duerch déi aktuell Covid Krise bedéngt war et awer keng gewéinlech Zeremonie an där d’Hollywood Stars vum groussen a klengen Ecran iwwert de rouden Teppech defiléiert sinn. Gewënner gouffen an dëse Covd Zäiten och per Video zougeschalt.

Et war eng Zeremonie déi ganz am Zeechen vun der Diversitéit an dem Engagement stoung. Presentéiert vum Tina Fay an dem Amy Poehler, war et deemno eréischt fir Zweet an der Geschicht vun de Globes datt eng Fra, an zwar d’Chloé Zhao, de Präis vun der Beschter Realisatrice fir den Independant Film “Nomadland” konnt gewannen.
“Nomadland” erzielt d’Geschicht vun enger Fra gespillt vum Frances McDormand déi nom ekonomesche Ruin vun der Aarbeschterstad an där si gelieft huet, sech dofir entscheet e Nomadeliewen ze feieren an op Entdeckungsrees uechter Amerika mat hirem Van ze fueren.

Dëse Film deen iwwregens en Donneschdeg als Ouverture vum Luxembourg City Film Festival presentéiert gëtt huet och de wichtegste Präis vum Owend gewonnen, an zwar deen vum Beschten Drama.

Als bescht Schauspiller an dëser Kategorie goufen déi Afro Amerikanesch Actrice Andra Day fir hir Roll am “The United States vs Billie Holiday” an de kierzlechst verstuerwenen Chadwick Boseman fir “Ma Reiny’s Black Bottom” ausgezeechent.

Als bescht Komedie gouf dem Sacha Baron Cohen seng Amazon Produktioun vun der Suite vum “Borat” priméiert, an dat beschten Dréibuch goung un den Aaron Sorkin fir de Netflix Geriichtsfilm “The Trial of The Chicago 7”.

Disney konnt sech de beschten Animatiounsfilm mam existenzielle “Soul” sécheren an de beschten auslännesche Film goung u “Minari” an deem eng Süd Koreanesch Famill sech am Arkansas nidderléisst.

De Cecil B. Demille Award fir d’Liewenswierk goung un Jane Fonda op engem Owend an deem d’Majoritéit vun de Präisser u Filmer gaange sinn déi net an de Kinoen erauskomm sinn.

Am Beräich vun de Serien huet Netflix dominéiert. D’Saga em den engleschen Haff “The Crown” an de Schach Drama “The Queen’s Gambit” konnte 5 Globes an de verschiddenste Kategorien ofraumen.

Mat 42 Nominatiounen war d’Streaming Plattform Netflix schonn virun der Zeremonie de grousse Favorit vun dësem Evenement. Mat 10 Golden Globes waren si och no der Präisiwwerreechung ouni Zweiwel de grousse Gewënner.