Fiiss oder Wäschbieren solle net duerch Fudder op d'Terrass oder soss ronderëm d´Haus gelackelt ginn. Soss si Problemer virprogramméiert. Mir hu bei der Natur- a Bëschverwaltung nogefrot.

03/03/2021 D'Coryse freet no- Wëll Déieren net fidderen (De Reportage vum Radio)

Se si ganz schéin an et ass een och frou wann ee se mol erbléckst, mä ronderëm d'Haus hu wëll Déieren näischt ze sichen. Aus engem léiwen Déierchen ka sech emol gären eng Plo entwéckelen.

De Laurent Schley vun der Natur- a Bëschverwaltung huet mer erkläert dass et Leit ginn, déi Fiiss  bewosst ufidderen oder onbewosst, andeems ëmmer Kazefudder dobausse steet. Dat féiert dacks zu Sträit ënnert de Noperen.

Fiiss gi manner schei a ginn deemno wéi an d'Haiser eran

"Wat fir eis méi relevant ass, ass dass d'Fiiss sech un de Mënsch winnen, dat heescht si verbannen Nahrung direkt mam Mënsch an dat ass problematesch well se dann hir natierlech Angscht, déi se normalerweis hätten, verléieren. Dat kann dozou féieren, dass wann d'Terrassendier op ass, se net méi dobausse bleiwen, mä och emol erakommen an d'Kichen oder an d'Stuff well se wëssen dass se do Nahrung kréien, an da fänken d'Leit un e bëssen ze panikéieren."

RTL

© Symbolfoto/ Pixabay

Wat se och mierken ass, dass Wäschbieren, eng invasiv Déierenaart,  sech gären um Rand vun Uertschaften ophalen an och emol bei Haiser ze fanne sinn.

Wäschbieren friessen aus der Hand

"An do gëtt et och scho Fäll hei zu Lëtzebuerg wou mer elo konkret Informatiounen hunn, dass Leit ufänken déi ze fidderen a se esou krass un de Mënsch gewinnen, dass se hinnen aus der Hand friessen. Dat ass am Ufank nach vläicht witzeg a flott, mä wann déi Déieren sech wierklech doru gewinnen an dat dann och un hir Nokommen esou weiderginn, dann ass dat net immens, well da ginn déi Wäschbieren och ëmmer méi frech..."

An dat kann dann och esou wäit goen, dass se aggressiv ginn wa se eng Kéier näischt kréien a pëtzen oder bäissen. Villercher soll een der Naturverwaltung no just an engem haarde Wanter fidderen, och wann d'Meenungen do auserneen ginn.

Eng weider Aart, déi an de leschte Méint a Joren ëmmer méi no bei d'Haiser an an d'Gäert kënnt, sinn d'Wëllschwäin:

Och d'Wëllschwäin kommen ëmmer méi no

"Éischtens gëtt et där souwisou schonn ze vill, déi brauche net nach vu Mënschenhand  gefiddert ze ginn an zweetens ass et och do verbueden, well dat sinn alles Aarten (esouwuel d'Wëllschwäin, ewéi de Wäschbier, ewéi och de Fuuss), déi op der Annex 1 vum Juegdgesetz stinn, déi also als Wëld klasséiert sinn a wou d'Fidderen verbueden ass."

Nach sinn d'Wëllschwäin net an den Uertschaften oder Stied, ewéi zu Berlin, wou se esouguer bei de Bushaisercher stinn, mä wann ee net oppasst, kann dat duerchaus nach kommen.

RTL

© Kee Kazefudder dobausse stoe loossen (Foto: Pixabay)