De Schumann's Eck war wärend der Ardennenoffensiv eng strategesch, wichteg Stroossekräizung. Fir den Zaldoten an Ziviliste vum Zweete Weltkrich ze gedenken, gouf am Bësch do ronderëm e Gedenkpad ageriicht, deen elo duerch e neit, innovatiivt Konzept en Valeur gesat gëtt. E Projet vum Naturpark Öewersauer an enker Zesummenaarbecht mat der National Liberation Memorial asbl. D'Nicky Soisson mat den Detailer.

02032021 Naturpark Oewersauer Gedenkpad Land of Memory

Effektiv fënnt een do elo well eng Dose liewensgrouss Silhouetten déi op Basis vu Fotoen aus der Zäit vum Krich gemaach gi sinn. Bis dëse Summer sollen dann ëm 60 där Silhouetten am Bësch opgeriicht sinn. Zesumme mat Panneauen, op deene perséinlech Temoignage vu Persounen ze fanne sinn, déi deemools um Schumann's Eck de Krich erlieft hunn, gëtt esou probéiert d'Geschicht um Liewen ze hale fir dass se eben net a Vergiessenheet geréit. Conny Koob, Responsabel fir d'Kommunikatioun vun de Naturparken:

"Alleguer d'Temoignage déi een um Schumann's Eck begéine kann sinn immens perséinlech an och tatsächlech vu Leit geschriwwe ginn déi wierklech zu deem Zäitpunkt um Schumann's Eck waren an de Krich genee op där Plaz materlieft hunn. An der Kombinatioun mat de liewensgrousse Silhouetten déi dann och nach Alldagssituatioune weisen wéi zum Beispill wéi ass deemols am Krich giess ginn, wéi ass kommunizéiert ginn oder eben och wéi waren d'Zaldoten ennereneen. War do eng gewësse Mënschlechkeet awer nach ze fannen? Dat si Saachen déi een dann eben op de Silhouette wonnerbar illustréieren unhand vu Fotoen déi tatsächlech dann eben och op där Plaz gemaach gi sinn. Et ass ebe flott dat dann alles op enger plaz engem méiglechst grousse Public méi no ze bréngen an eben doduerch dat Ganzt net a Vergiessenheet geroden ze loossen."

Dee ganze Projet ass an enker Zesummenaarbecht mam Wëlzer Lycée entstanen. Esou haten déi Jonk d'Méiglechkeet aktiv un der Entwécklung deel ze huelen a sech mat anzebréngen. D'Iddi hannendrun ass, dass et e Gedenkpad gëtt dee net just fir déi Erwuesse geduecht ass mee deen och déi jonk Generatioun uschwätzt an dozou ureegt sech do mat der Geschicht vun deemools ausenaner ze setzen.

"Doriwwer eraus ass et dann och esou, dass am Kader vum Interregprojet "Land of Memory" déi gedenktouristesch Sitten an der Groussregioun solle matenee verbonne ginn an dann och geziilt sou Toure sollen erméiglecht ginn. Dat heescht et ass scho sou geduecht, dass ee gedenktouristesch Touren an der Groussregioun unzebidde wou een dann zum Beispill Baaschtnech mam Schumann's Eck kombinéiert oder ebe bis op Léck matenee verbënnt."

Ween elo scho virwëtzeg ginn ass, dee ka gäre scho bis p de Schumann's Eck luusse goe mee sou richteg lount et sech dann awer réischt ab dem Summer wa wierklech alles 100% fäerdeg ass. Den Tour huet iwwregens eng Gesamtlängt vu ronn 3 km op deem een dann och ab dësem Summer iwwer d'Éislek App en Audioguidage a weider Informatioune ka kréien.