Ouni d'Zeitung L'Équipe géif et den Tour de France net ginn. Konkurrenz belieft de Marché, dat trëfft hei wierklech zou. Ma d'Zeitung hat e laange Wee bis se zu deem ginn ass wéi mer se haut kennen.

Um Enn vum 19. Joerhonnert huet d'Sportpress a Frankräich praktesch nëmmen een Thema gehat. De Vëlossport. "Le Vélo" war eng Zeitung déi de Paul Rousseau am Joer 1892 gegrënnt huet. D'Affär Dreyfus, de Justizskandal huet d'franséisch Politik a Gesellschaft gespléckt. Dat ass och net ouni Suitte fir den deemolege Chefredakter Pierre Giffard bliwwen. Hien ass an eng extrem schlecht Positioun koum, sou dass d'Haaptsponsoren, d'Vëlos-Hiersteller doriwwer net begeeschtert waren.
Sou ass de Grof vun Dion higaangen an huet den Henri Desgrange domat beoptraagt eng weider Zeitung ze grënnen. Ganz nom Motto Konkurrenz belieft d'Geschäft. Dës hat de Numm L'Auto-Vélo. Am Géigesaz zu der Zeitung Le Vélo, déi Ufanks op gréngem Pabeier gedréckt gouf, huet den Desgrange giele Pabeier gewielt. Spéider war dat de Grond firwat et beim Tour de France de Maillot Jaune gëtt.
Duerch e Sträit tëscht den 2 Editeuren ass et dozou komm dass den Dion mat senger Zeitung L'Auto Vélo de Prozess géint Le Vélo verluer huet. Seng Zeitung gouf doropshin ëmbenannt an L'Auto.
Et war dem Grof Dion wichteg dass seng Zeitung Nummer 1 a Frankräich sollt ginn. Et war een also ob der Sich wéi engem dat kéint geléngen. Et war de Géo Lefèvre, e Mataarbechter vun der Zeitung deen d'Iddi hat eng Vëlos Course z'organiséieren - Den Tour de France.
Zeitung Auto annoncéiert eng Vëloscourse déi hires Gläiche sicht. Dat war de 19. Januar 1903. D'Iddi huet d'Venten erëm an d'Luucht geschrauft. D'Zeitung Le Vélo huet ee Joer méi spéit mat der Produktioun opgehalen. De Grof hat erreecht wat en erreeche wollt.
Spéider, wärend dem Krich am Joer 1914 huet Zeitung dacks de Proprietär gewiesselt. Famill Goddet war bis den 2. Weltkrich um Rudder. Wéi den Henri Desgrange am Joer 1940 gestuerwen ass, hunn Nazien d'Kontroll vun der Zeitung iwwerholl, mam Jacques Goddet als Chef. D'Zeitung gouf zu Propaganda Zwecker benotzt. Bis de 17. August vum Joer 1944. Do gouf se verbueden.
2 Joer méi spéit ob engem 28 Februar 1946 gouf se erëm zum Liewen erwächt ënnert engem anerem Numm. E Numm dee se bis haut huet "L'Équipe."

Ufanks koum se 3 mol d'Woch eraus: Spéider all Dag. Et gëtt dann och mëttlerweil e Fernseesender mam Numm L'Équipe.
Zanter dem Joer 1946 wielt Redaktioun iwwregens och de "Champion des champions" an den 80er koum den Titel "Champion des champions du monde" mat dobäi. De Weltsportler vum Joer