Et ass elo bal eng Traditioun, daat während dem Luxembourg City Film Festival de Filmfong de Virtual Reality Pavillon op d'Bee stellt. D'Halschent vum VR-Programm dëst Joer axéiert sech op dokumentaresch Experienzen. Den Tom Dockal huet sech de Casque iwwert d'Ae gezunn a wees elo méi dozou.

Am Zentrum vun The Real Thing si manifestement alles anescht ewéi real things. An dëser dokumentarescher Aarbecht sinn d'Realisateuren Benoît Felici a Mathias Chelebourg op Paräis, Venedeg a London gereest. Mee net a Frankräich, Italien oder England, mee a China.

Et gëtt Las Vegas, an deem weltbekannte Monumenter replikéiert am Raum stinn an da gëtt et chinesesch Stied, déi versicht hunn, mat hirer Architektur d'Billerbuch Ästhetik vun europäesche Stied ze kopéieren. Op eemol steet matzen an der chinesescher Pampa eng iwwer 100 Meter héich Kopie vum Eiffeltuerm oder d'Markus-Plaz mat sengem Tuerm oder och nach d'Londoner Tower Bridge. Dat mécht alles en Androck vun Disneyland, just dat an deene Stied Dausende vu Leit wunnen. De Film stellt Froen, wou de Reiz kënnt, esou Kopien opzeriichten a schwätzt mat Leit, déi do wunnen. Den Dispositif vum VR ass doduerch interessant, well en net just eis d'Illusioun soll ginn, mir wieren do sur place. Mee och Protagonisten aus dem Film liewen an enger Illusioun. Mengen, enzwousch ze sinn, wou se usech net sinn.

 Dem Jonathan Griffith seng VR Aarbecht iwwert eng perséinlech Besteigung vun Everest a Lhotse ass an der Exekutioun eng Grimmel graffe an net esou propper ausgeschafft, ewéi dat Biergklammfilmer soss esou sinn, mee och hei huet déi virtuell Realitéit säi Charme. Änlech ewéi beim 3D am Kino schéngt dësen techneschen Atout opzebléien, wann et drëms geet d'Notioun vun Héichten erfuerbar ze maachen. Wann dann d'Seeler, mat deenen sech d'Klëmmer sécheren, iwwert den hallwe Bierg leien, an déi een da jee no Plang ka mam Casque iwwer 360 Grad suivéiere kann, da mécht d'Technik a scheinbar Immersioun Sënn.

Net oninteressant sinn zwee Filmer, déi versichen, dat ze weisen, wat een usech net kann. Notes on Blindness: Into Darkness huet Tounopname vum Theolog an Auteur John Hull am Mëttelpunkt, deen iwwert dem Ophuelen am Gaang war, blann ze ginn. De kuerze Film versicht erfuerbar ze maachen, ewéi esou e Mënsch ufänkt d'Welt ronderëm sech nei opzehuelen. Accused #2: Walter Sisulu op där anerer Säit hëlt d'Tounopnahme vum Prozess vum Mentor vum Nelson Mandela, fir sech  animatoresch virzestellen, wéi de Prozess ausgesinn huet. Well Bildmaterial gëtt et aus där Zäit guer keent. Béid Filmer kéinten usech och wonnerbar als Lauschterspiller funktionéieren, mee de VR erhéicht d'Am-Kapp-Sinn vum Blannen an der Virstellungskraaft vum Lauschterer.


D'lëtzebuerger Ko-Produktioun Under the Skin hëllt de Spectateur mat an eng enorm Favela vu Rio de Janeiro, déi vu rassistesche Police-Iwwergrëff iwwerrannt ze si schéngt. Leider ass bei deem an zwee anere Filmer iwwert den Tchad-Séi an d'Entféierungstragedie vu Schülerinnen duerch Boko Haram d'kënschtleresch Plus-Value vum VR net ganz schlësseg. Do hätt e klasseschen dokumentaresche Filmkader déi nämmlecht Kraaft gehat. Den Ovni vun deem Programm bleiwt awer Putain de facteur humain vum Duo Markiewicz/Piron. De kuerzen duerch an duerch artisteschen Interlude erschléisst sech eleng dowéinst net, well en aus dem Kontext vun hirer Ausstellung am Pomhouse zu Diddeleng erausgerappt ginn ass.