Eigentlech wier op Kabel Eins den Owend e Film mam Tom Cruise ze gesinn. Well deen awer fonnt huet datt d'Geschicht ze vill u Mission Impossible erënnere géing huet de Schauspiller enger Fra d'Roll iwwerlooss.

Sou hu mir et vu 20:15 u mat der CIA-Agentin Evelyn Salt ze dinn. Déi ass grad am gaangen de Russ Orlov ze verhéiere wéi dee verréit datt de russesche President op enger Visitt an Amerika ëmbruecht soll ginn. Den Orlov weess och wien den Attentäter ass an zwar d'Fra déi de Russ grad verhéiert. Dem Evelyn bleift näischt aneres iwwereg fir ze flüchte woubäi een net weess wat d'Agentin genee wëlles huet.

Salt mam Angelina Jolie den Owend ëm 20:15 op Kabel Eins.