Fir den DFB-Pokal kommen nëmmen nach 8 Equippen a Fro. Den Owend fänken d'Véierelsfinallen un, woubäi awer nëmmen ee Match gespillt, Bremen géint Regensburg fält wéinst Coronaverdacht an d'Waasser.

Ma déi aner Véierelsfinall huet och a sech a gëtt an der ARD iwwerdroen. Den Duell tëscht den zwou Borussiaen, där vu Mönchengladbach an där vun Dortmund. Bis ewell gouf et dës Konstellatioun 3 mol, 2 mol konnt sech Gladbach behaapten an och déi lescht Renconter an der Bundesliga konnt d'Equipe vum Marco Rose fir sech entscheeden. An domat wiere mir beim Gespréichsstoff vun den Owend, den Trainer vu Gladbach wiesselt jo am Summer bei déi aner Borussia. Do wäert erëm iwweräifreg spekuléiert ginn. Loosse mir se mol spillen, d'Iwwerdroung an der ARD fänkt um 20:15 un.