Futtball, Fussball, oder Foussball?
Wie schwätzt wéi a wou gëtt wat geschwat?
Dat kann een am Atlas kucken, ma den ‚ale‘ ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ datéiert an d’Joer 1963 a baséiert op Sproochdate vun der Zäit virum 2. Weltkrich. Et ass also evident, datt sech d’Sprooch op villfälteg Manéieren zënterhier verännert huet. Elo kënnt eng nei Versioun eraus.

03/03/2021 Sproochenatlas
RTL

© Peter Gilles

Den neie lëtzebuergesche Sproochatlas gëtt an der éischter Phas online publizéiert. Hei si Sproochopname verschafft, déi am Kader vum Schnëssen-Projet gesammelt goufen. Dofir goufe Phenomener aus dem gesamte phoneeteschen, lexikaleschen a grammatesche Beräich vum Lëtzebuergeschen ausgewäert. Pro Kaart sinn authentesch Date vu ca. 800 bis 2000 Participanten*Participanteë visualiséiert. Domat kritt een eng zimmlech zouverlässeg Impressioun vun der haiteger Variatioun am Lëtzebuergeschen. Gläichzäiteg kann een un de Kaarten a Visualiséierungen ofliesen, wéi staark d’Lëtzebuergescht am Moment amgaang ass sech ze veränneren.

RTL

© Peter Gilles

An dëser éischter Editioun goufen ca. 110 verschidde Kaarten ausgewielt, fir fir d’éischt emol d’Funktionalitéite vum Atlas ze testen. D’Kaarte sinn an d’Kategorië ‘Foneetik’, ‘Wuertschatz & Sproochkontakt’ a ‘Grammatik’ agedeelt, déi een uewen auswiele kann. D’Verbreedung am Land gëtt iwwer verschidde Kaarten illustréiert. Eng Iwwerbléckskaart weist déi heefegst Variant pro Gemeng. Deelweis gëtt och eng al Kaart aus dem ‘Luxemburgischer Sprachatlas’ vun 1963 als Verglach gewisen, fir d’Verännerung vun der Dialektlandschaft ze visualiséieren. Vu datt praktesch all Wierder a Phenomeener aus dem alen Atlas och iwwert d’Schnëssen-Erhiewunge rëm ofgefrot gi sinn, wäert et méiglech sinn, en exakte Verglach vun de sproochleche Verännerungen nozezeechnen. Am Géigesaz zu traditionelle Sproochatlasse baséiert dësen Atlas net nëmmen op der Sprooch vun eelere Leit, mee op allen Altersklassen. Eréischt sou kann een déi ganz Dynamik vun der Sprooch erfaassen. Aus dem Grond soll den neien Atlas och ‚Variatiounsatlas‘ heeschen.