Et gëtt jo sou Situatiounen am Liewen, do weess een net, soll een elo éischter laachen oder kräischen. An da gëtt et awer och Momenter wou dat eendeiteg ass. Mam Dokter Marc Keipes, dem Direkter aus dem Zithagesondheetszenter kucke mer haut wat fir eise Kierper besser ass.

"Fir deen Effekt op eisen Immunsystem kënnen ze testen, sinn Leit a Gruppen agedeelt ginn, a se kruten entweder e Film vum Charly Chaplin gespillt, oder se hu missten engem amerikaneschen Wiederkanal nokucken, wou eng Wiederfee erkläert huet, wat dann elo an deene nächsten Deeg z'erwaarden war. No enger Stonn waren d'Resultater vum Immunsystem, dat heescht verschidden Zorten wäiss Bluttkierpercher besser an dem Grupp wou se gelaacht hunn, wéi déi déi sech d'Wieder ugekuckt hunn. Wat d'Konditioun war, dat war dass een och wierklech kierperlech huet missten laachen. Et geet net duer, dass een a sech eragelaacht huet, mä et huet een wierklech missten kierperlech laachen, wat dann och heiansdo e puer Niewewierkungen mat sech bruecht huet, wéi Leit déi dann bemol d'Bauchmuskelen wéi haten, oder bei verschiddene Leit ass et souwäit gaangen dass se Pipi an der Box haten, dat nennt een dann eng Stressinkontinenz."

03-03-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes laachen oder kraischen

d'Therapie selwer war an zwee Voleten opgedeelt.

"An enger zweeter Phase kruten d'Leit dann en trauregen Film ze kucken, wou d'Tréinen am Fong geholl gefloss sinn, an och do nees hunn déi aner Hallschecht vun de Leit sech missten de Wiederkanal eranzéien wärend enger Stonn. An d'Tester déi dono gemaach goufen, hunn änlech Effekter wéi déi viregt Serie vum laachen a vun deene witzegen Filmer. Sicht Iech also eraus wat der léiwer hutt, mä Haaptsaach haart gelaacht oder vill gekrasch."

03-03-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Resultater vum Laachtest