Den Owend gëtt et galaktesch am CAPE zu Ettelbréck.

De Ron Giebels an de Chris Heumann, 2 Gittaristen, entféieren iech vun 19:30 un an déi onendlech Wäite vum Universum. Dës musikalesch Rees maachen dës 2 "Astronauten" mat hirem Instrument, der Gittar. Eegen, awer och bekannte Kompositioune ginn op eng sphäresch, deels experimentell, Manéier presentéiert. Déi 2 Museker simuléiere mat hiren Instrumenter an nach aneren Effekter, grad ewéi Animatiounen, eng Rees duerch de Weltall fir d'Sënner. Dir braucht also nëmmen nach Plaz an der Rakéit ze huelen. Out in Space um 19:30 am Cape zu Ettelbréck.