Den ‚ale‘ ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ datéiert an d’Joer 1963 a baséiert op Sproochdate vun der Zäit virum 2. Weltkrich. Et ass also evident, datt sech d’Sprooch op villfälteg Manéieren zënterhier verännert huet. Elo kënnt eng nei Versioun vun dësem Atlas eraus, déi an der éischter Phas online publizéiert gëtt. Michèle Schons?

03/03/2021 Den neie Letzebuerger Sproochenatlas

Hei goufe Sproochopname verschafft, déi am Kader vum Schnëssen-Projet gesammelt goufen. An dëser éischter Editioun goufen ca. 110 verschidde Kaarten ausgewielt, fir fir d’éischt emol d’Funktionalitéite vum Atlas ze testen. D’Kaarte sinn an d’Kategorië ‘Foneetik’, ‘Wuertschatz & Sproochkontakt’ a ‘Grammatik’ agedeelt, déi een uewen auswiele kann. D’Verbreedung am Land gëtt iwwer verschidde Kaarten illustréiert. Eng Iwwerbléckskaart weist déi heefegst Variant pro Gemeng.

Vu datt praktesch all Wierder a Phenomeener aus dem alen Atlas och iwwert d’Schnëssen-Erhiewunge rëm ofgefrot gi sinn, wäert et méiglech sinn, en exakte Verglach vun de sproochleche Verännerungen nozezeechnen. Am Géigesaz zu traditionelle Sproochatlasse baséiert dësen Atlas net nëmmen op der Sprooch vun eelere Leit, mee op allen Altersklassen. Eréischt sou kann een déi ganz Dynamik vun der Sprooch erfaassen.

Deelweis gëtt och eng al Kaart aus dem ‘Luxemburgischer Sprachatlas’ vun 1963 als Verglach gewisen, fir d’Verännerung vun der Dialektlandschaft ze visualiséieren. Vu datt praktesch all Wierder a Phenomener aus dem alen Atlas och iwwert d’Schnëssen-Erhiewunge rëm ofgefrot gi sinn, wäert et méiglech sinn, en exakte Verglach vun de sproochleche Verännerungen nozezeechnen.

Egal, ob Dir ‘nik’, ‘nit’ oder ‘net’ sot, ob Dir oft ‘séier’ oder dacks ‘schnell’ sot –, Bei der Schnëssen App sichen se Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze sammelen.