Eng Koppel aus England hat am Euromillion op di richteg Zuele getippt. 210 Milliounen Euro gewonnen! Wisou d'Rachel an de Liam den Jackpot trotzdem net ausbezuelt kruten, hat e ganz einfache Grond.

03/03/2021 Jackpot - net - gewonnen!

Et hätt alles sou schéin kënne ginn. Geld wéi Hee, fir ëmmer ausgesuergt hunn, eng jonk Koppel aus England hat di lescht Woch genee richteg getippt am Euromillion. 5 Zuelen an 2 Stäre richteg - Jackpot! 210 Milliounen Euro gewonnen!

Hate se geduecht... Deem war awer net sou. D'Rachel an de Liam hunn zanter Woche mat ëmmer deene selwechten Zuele gespillt. Net mam klassesche Spillschäin am Zeitungsbuttek oder op der Tankstell, mä online. Do kruten di 2 och effektiv de Message geschéckt, si hätte gewonnen, hunn direkt bei Euromillion ugeruff, an du koum di grouss Enttäuschung.

"Jo, Dir hutt effektiv di richteg Zuele getippt, mä, op Ärem Spillkont ware net genuch Suen", housch et vun Lotteriessäit. Heescht also: si hate vergiess, hire Kont opzelueden an domat war den Ticket net bezuelt - ergo net gülteg.

Deem enge säi Leed ass deem anere seng Freed - e Schwäizer huet du ganz alleng di 210 Millioune gewonnen, an d'Rachel an de Liam... spillen elo mat neien Zuelen a wäerte wuel ëmmer genuch Geld op hirem Spillkonto hunn.