Bomi a Bopi sinn dach zanter ëmmer déi léifsten Familljememberen déi een huet. Et sinn dach Sie déi engem ëmmer alles duerchgoe gelooss hunn. Et sinn dach d'Grousselteren déi een verwinnt hunn an engem ëmmer e puer Su zougestach hunn, an vun engem Dag op deen aneren konnt een si net méi léif drécken an huet se missten op Distanz halen. Corona ass batter zanter engem Joer, fir déi zwou Säiten. An hirem Podcast hunn d'Marie Gales an de Pierre Weimerskirch e Mëttwoch d'Familljeministesch Corinne Cahen op Besuch gehat fir iwwer déi traureg Situatioun ze schwätzen, déi elo duerch d'Impfung sech nees däitlech verbessere kéint.

05-03-2021 Wellebriecher (Invitee Corinne Cahen) eng Impfung schuetzt
RTL

Gëschter war ze héieren dass den Conseil Superieur des Maladies Infectieuses derfir ass, dass de Corona-Vaccin vun AstraZeneca och zu Lëtzebuerg bei Leit iwwer 65 Joer an den Asaz ka kommen. D'Regierung wäert deem och héchstwarscheinlech nokommen. Haut am Regierungsrot soll awer nach gekuckt ginn, wéi een Impakt dat op déi verschidde Phase vun der nationaler Impfstrategie huet.