Haut fänkt den 11. Luxembourg Cirty Film Festival un. Wéinst der sanitärer Kris gräift een och beim Luxfilmfest op déi virtuell Méiglechkeet zeréck fir de Festival ofzehalen. Allerdéngs lafen och eng Rëtsch Filmer, wéi een dat vu fréier kennt, an de Kinossäll am Grand-Duché.

D’Ouverture vum Festival mécht den Owend den duebele Golden Globe Gëwenner "Nomadland" vum Chloé Zhao. E naturalisteschen Drama iwwert eng Fra gespillt vum Frances McDormand déi mat hirem Van duerch en Amerika reest dat geplot ass vun der ekonomescher Kris.

Nomadland leeft um 19:00 an um 19:30 am Kinepolis um Kierchbierg.