58,7 Prozent vun de Mënschen zu Lëtzebuerg waren 2016 ze schwéier, sou déi rezent WHO-Statistiken. Wann een da weider an den Tabelle kuckt, gesi mir kloer, datt mir an d'Luucht ginn, konstant iwwert d'Joren ewech. Waren et 1996 nach 49,3 Prozent vun der Bevëlkerung, déi ze vill Kiloen hat, sou waren et 2006 scho 54,4 Prozent an elo dann 58,7 Prozent. Sou wäit zu der ellener Realitéit, minimalen Trouscht mir sinn net déi Schwéierst op der Welt. Marie Gales.

05/03/2021 Ëmmer méi iwwergewiichteg

D'Mënsche gi méi déck, sou de schreckleche Constat vun der Weltgesondheetsorganisatioun; zanter 1975 huet sech d'Zuel vun den iwwergewiichtege Mënsche carrement verduebelt. Wat heescht dann iwwerhaapt ze vill Kiloen? Dëst erkläert eis d'Diététicienne Sara Spinelli unhand vum BMI.
Wa mir do iwwer 25 sinn an tëscht 25 an 30, da schwätze mir vun engem Surpoids (Iwwergewiicht). An alles wat iwwer 30 erausgeet, do si mir an der Obesitéit.

De Body Mass Index, BMI ass sécher net fir jiddereen de richtege Wee fir Iwwergewiicht ze moossen, well e just Gréisst a Gewiicht consideréiert an dofir bei Sportler mat vill Muskelmasse verfälscht kann ginn. An awer op de Gros vun der Populatioun hält de BMI duer. Wien iwwer 25 läit, muss seng Iess-a Beweegungsgewunnechten mol iwwerdenken. Well do wier nämlech d'Ursaach ze sichen, datt weltwäit 39 Prozent vun den Erwuessenen ze vill Kiloe mat sech erëm droen.
Mir hunn Iessen am Iwwerfloss, iessen awer och ëmmer méi fäerdeg Produiten, dat geet vu bis. Dat ass natierlech eng Facilitéit am Alldag, well vill Leit de ganzen Dag musse schaffen. Déi Produite si méi räich u Fetter, Zocker, Salz....mir mierken awer och an de Etüden, dat vill Leit net genuch Uebst a Geméis iessen. Sport gëtt gedriwwen, 150 Minutten d'Woch soll een Ausdauersport maachen.(Recommandatioun vun der WHO).Allerdéngs mat der Muskulatioun happert et an dat ass schlecht, ass nämlech och wichteg.

Dee léiwe Fernsee, huet scho bestëmmt ee gesot kritt. Wann et nëmmen dee wier, deen eis net méi beweege léisst.
Da sëtze mir och méi virun der Ecranen, dat gesi mir scho bei eise Kanner...awer och bei den Erwuessenen duerch de Teletravail an dann elo deen Homeschooling.

Déi schwéierst Mënsche liewen awer net an den USA, Mexiko oder an England, mä op de Südpazifik-Inselen Nauru, Palau an de Cookinselen.
Op Nauru sinn de rezente Statistiken 89 Prozent iwwergewiichteg an op Palau an de Cookinsele hu méi wéi 80 Prozent vun der erwuessener Bevëlkerung e BMI vu 25 oder méi héich.
Do muss de Liewenstandard oder Stil immens geännert hunn, dat si jo awer ganz naturbewosst Vëlker an déi hunn elo komplett de westleche Liewensstil do iwwerholl an doduerch ass d'Obesitéit do an d'Luucht geschoss.

Ma och gesellschaftlech Faktoren dierft een net ausser Uecht loossen. A Länner an deenen den Ënnerscheed tëscht Aarm a Räich dach grouss ass, ass et frappant ze gesinn wéi grouss d'Ënnerscheeder tëscht déck an dënn sinn. Net genuch Sue verleet zu Fast Food an och kee Wëssen iwwert d'Kiloen a Interessi un deem wat sou vill Kiloe mat sech bréngen, alles dat ass e geféierleche Mix.

D'Etüden hu gewisen, datt een dann d'Tendenz huet méi u Kriibs ze erkranken, och u verschidde Kriibszorten. Och ass e méi héije Risk do fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen ze kréien, datt een héije Bluttdrock huet oder datt een en Hiereschlag ka maachen. All dës Gefore gi proportionell mat Iwwergewiicht an d'Luucht.

De 4. Mäerz ass den Dag vun Obesitéit, der Fettleiwegkeet oder och nach Adipositas genannt. Wien iwwert engem BMI iwwer 30 läit, gëtt als obèse agestuuft. Rezent Zuele vum European Health Interview Survey - EHIS no, ware 2019 16,5 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg obèse, och déi Zuel ass tëscht 2014 an 2019 vu 15,6% op 16,5% geklommen. Bei de Kanner waren et am Schouljoer 2019-2020 eng 4,3 %, déi am Stadium fettleiweg ware a 7,48 % allgemeng ze schwéier. Och Teenager leiden ënnert ze ville Kiloen, 9,91% goufen als obèse agestuuft an 9,35% ze schwéier.

Kuckt och op dës Säiten: