De 07. Mäerz vum Joer 1971 ass Maus eng éischte Kéier am Fernsee gelaf. Gemoolt gouf se vun der Grafikerin Isolde Schmitt. 4 Joer méi spéit koum de bloen Elefant dobäi. 1987 déi giel Int. Ma d'Sendung hat et am Ufank net ganz einfach. Et goufe vill Kritiken.

Fir Pedagoge war d'Emissioun ze séier geschnidden. Der Kierch huet net gefall, dass se Sonndes Mueres gelaf ass an esou d'Kanner net méi a Masse géife kommen.
De 7. Mäerz ass et also u gaangen. Ënnert dem Numm "Lach und Sachgeschichten" gouf Première gefeiert.
E puer Méint méi spéit, op engem 23. Januar 1972, also bal ee Joer no der Première gouf d'Format dunn an "Die Sendung mit der Maus" ëmbenannt. Lach und Sachgeschichten sinn awer nach bis Haut en Element vun der Sendung.
Déi typesch Titelmelodie koum Enn Januar vum Joer 1972 an d'Spill. Komponéiert gouf se vum Hans Posegga.

Gecovert gouf dës Versioun och scho mol vum Stefan Raab, deen d'Lidd an d'Charts bruecht huet.

Wat et och scho bal vun Ufank u gëtt, ass dass d'Uso ëmmer zweemol kënnt. Eng Kéier op Däitsch an eemol an enger anerer Sprooch. Do war souguer och scho mol Lëtzebuergesch mat dobäi.

Den Armin Maiwald, ee vun de Käpp hannert dem Format, gëtt am Joer 1976 d'Stëmm vun der Sendung.

De Christoph Biermann huet am Joer 1982 seng éischte Roll virun der Kamera. An der Episod "Tomaten-Ketchup" spillt hien eng Nieweroll. Ee Joer méi spéit kritt hien d'Haaptroll an der Episod wou erkläert gëtt wéi een am beschten iwwert e Floss kënnt.
Dee grénge Pullover deen de Christoph ëmmer unhuet huet säin éischten Optrëtt am Joer 1988. Et sollt säin Image ginn.
Schonn am Joer 1995 kruten den Armin Maiwald an de Christoph Biermann Bundesverdienstkreuz fir d'Sendung mit der Maus. Ee Joer méi spéit huet se hire 25. Gebuertsdag gefeiert. Um Maus-Fest zu Köln viru 500.000 Mënschen.
5 Joer méi spéit um 30. si 650.000 Leit op der Maus-Party.
D'Maus huet och zanter 7 Joer eng eegen App. Hei kritt een dann Lach und Sachgeschichten fir ënnerwee.

De Mark Forster krut esouguer den Optrag d'Gebuertsdagslidd fir Maus ze komponéieren. A wéi kéint et anescht sinn, haut leeft dann och e grousse Réckbléck vun der Sendung Mit Der Maus. D'éischt, um 09h00 Auer op der ARD, duerno um Kika um hallwer 12.