Dësen 8. Mäerz, um internationalen Dag vun de Fraerechter, hëlt de Ministère fir Gläichstellung Iech mat op eng Zäitrees an d’Sechzeger Joren, zeréck bei d’Fraebeweegung an hir Auswierkungen op eis Gesellschaft.

Wéi huet sech zanterhier eise Bléck op d’Frae verännert? Sinn et ëmmer nach just d’Männer, déi no de Stären gräifen, an d’Fraen déi Steng an de Wee geluecht kréien?
Interessant bleift de Bléck op d‘Geschlechter-Stereotyppen, déi mir zanter Joerzéngte mat eis schleefen an déi bis haut Denken, Soen a Maache beaflossen. Dobäi ass dat fräit Ausliewe vum individuelle Potenzial eng Dugend, déi der ganzer Gesellschaft, Frae wéi Männer, zegutt kënnt.

Op dësem virtuellen Owend an der Nationalbibliothéik huelen nei Stëmmen déi al Viruerteeler op de Leescht. Mat Interventioune vun der Historikerin Prof. Dr. Sonja Kmec souwéi de jonke Schrëftstellerinen a Schrëftsteller Sandra Wolter, Elise Schmit a Francis Kirps, déi vum MEGA eng "Carte blanche" kritt hunn, sech literaresch mam Thema auserneenzesetzen.

D’Virträg sinn op lëtzebuergesch an däitsch a gi simultan op Franséisch iwwersat.
Rendez-vous op der Plattform Boothted fir den interaktive Live-Stream mat vill Zousaz-Infoen.
Live-Stream och iwwert de Facebook a Youtube-Channel vum MEGA an der BNL, just an der Originalsprooch.