De mënschleche Kierper besteet zu bal 70% aus Waasser. Wéi dësen Undeel sech op de Mënsch verdeelt, hänkt vum Alter a Geschlecht of. D'Waasserreserven an eisem Kierper mussen ëmmer ausgeglach ginn. Hei heescht et déi richteg Balance ze fannen. Ma ze vill drénken ass och net gutt.

15/03/2021 Wat een alles ka falsch maache wann ee Waasser drénkt!

Fänke mer mat ze séierem drénken un. Wie reegelméisseg Sport dreift, dee kennt dat. No der Ustrengung brauch een eppes ze drénken. Et ass ee richteg duuschtereg. Hei heescht et sech ze beherrschen. Wien elo eng Fläsch Waasser op Ex drénkt dee verdënnt säi Spaut. Dëse brauche mer awer fir d'Verdauung, en hëlleft d'Mosaier ze stimuléieren. Ass net genuch Spaut am Mo, kann d'Waasser net richteg vum Kierper opgeholl ginn. Dernieft léist Waasser sech ze séier op wat dozou féiert dass ee méi dacks op Toilette mussen. Ma net nëmmen dat, och Närstoffer déi am Waasser sinn, kënne vum Kierper net richteg opgeholl ginn. Nieft dem lues drénken ass et awer och wichteg net méi wéi 3 Liter den Dag ze drénken. Méi léist Zelle schwëllen an dat ka Liewensgeféierlech ginn.

Wien am stoen drénkt drénkt automatesch ze séier. Och d'Muskele sinn iwwerdeems ugespaant. Dat kann zu engem Knéck an der Verdauung féieren. Et kéinte Gelenk- a Entzündungsproblemer entstoen.
E Feeler deen och dacks gemaach gëtt, ass den Duuscht mat Honger ze verwiesselen. Wann de Mo grommelt muss dat net ëmmer en Unzeeche fir Honger sinn. Heiansdo geet e Glas Waasser duer. Dofir ass et am beschte virum Iessen e Glas Waasser ze drénken. Net ze séier.
Vill Leit drénken och ze spéit. Meeschtens dann, wann den Hals schonn dréchen ass. Dann ass et schonn ze spéit an dem Kierper feelt Flëssegkeet. De Kierper riskéiert aus ze dréchene mat de bekannte Suitten.

Wien sech mol gären e Glas Wäi gënnt, dee soll op kee Fall vergiessen dertëscht e Glas Waasser ze drénken. Et suergt net nëmmen dofir dass, wann ee mam Alkohol iwwerdreift, de Kapp den Dag dono net esou wéi deet, et gläicht och de Flëssegkeetsverloscht an eisem Kierper aus. Alkohol entzitt grad wéi de Kaffi, dem Kierper Waasser. Ass däers net genuch do kréie mer eng dréchen Haut an de Kapp wéi.
Setzt ee Fett der Keelt aus, gëtt dëst méi fest. Wien also Kal drénkt ënnerstëtzt dee Mechanismus. Ma net nëmmen dat. Eis Oderen zéien sech zesumme wat zu Verdauungsproblemer féiere kann. Ma och de Vagusnerv kënnt Stimuléiert bei Keelt. Dësen ass dofir zoustänneg eis Häerzfrequenz normal ze halen.