Bei där Krankheet déi d'RTL Déierendoktesch Romi Roth haut matbruecht huet, kritt der elo bestëmmt Biller an de Kapp déi der net méi lass gitt. An awer sollt een d'Aen net zou maachen virun engem Phänomen deen ëmmer méi ëm sech gräift, an dofir ass et wichteg drop opmierksam ze maachen.

De Boy, ee Franséische Bulldogge vu siwe Joer, dee bis viru kuerzem just fir seng Impfungen an d´Praxis koum, war zënter Wochen ëmmer méi mackeg. Hien huet bal an engem Stéck a virun allem nuets gehouscht, wat seng Leit am Ufank op déi bekannte klassesch Otemproblemer vu senger Rass zeréckgefouert hunn. Wéi de soss esou stabille klenge Ritt dunn awer och nach ugefaangen huet ze tierkelen, aus der Nues ze bludden a mam Houscht och bluddege Schläim koum, hu seng Leit hien hellewech an d´Spriechstonn bruecht. Si haten elo  de Verdachtsdiagnostique, hire Boy hätt Longekriibs a waren dowéinst scho prett, hien aschléiferen ze loossen.

16-03-2021 Déierentipp - Romi Roth Longewierm

Et muss ee jo net ëmmer direkt vum schlëmmsten ausgoen, a fir d'Ursaachen ze fannen gëtt et genee wéi beim Mënschepatient och fir d'Hausdéieren Hëllefsmëttel wéi zum Beispill Röntgen.

Op de Röntgenbiller vu senge Longen ware Schieter wéi bei enger chronescher, bakterieller Bronchopneumonie. Mais no enger Woch Behandlung mat Antibioticken an Mëttelen géint Entzündung war den Houscht kee Fatz besser. Eng Bluttënnersichung huet dunn eng interessant Spuer gewisen: d´Zuel vun de sougenannten eosinophile wäisse Bluttkierpercher war vill ze héich. Déi Zort wäiss Bluttzellen ass awer näischt aneschtes wéi eng Spezial-Unitéit vun Défense-Zaldoten, déi  bei Allergien mä och bei alle méiglechen Parasiten-Invasiounen vum Immunsystem agesat gëtt. Dowéinst ass dunn och emol eng Stullprouf gefrot ginn.

16-03-2021 Déierentipp - Romi Roth - Röntgen

Ënnert der Lupp stéisst een op gelunge Saachen, déi engem bei der Sich no enger Léisung hëllefe kënnen ?

Wat bei der mikroskopescher Stullënnersichung du fonnt gouf, ass an der Lescht ëmmer méi heefeg. Am Stullpräparat war een zerrappten Stéck Wuermlarv ze gesinn. Scho wéinst dem schlëmmen Houscht, huet een do direkt missen u Longewierm denken. Eng Sammelprouf vu Stull vun e puer Deeg noeneen ass an ee spezielle Labo geschéckt gin. Vun do koum séier d´Confirmatioun: de Männi hat eng staark Invasioun vu Longewierm. Dat si bis 2 1/2 cm laang Wiermercher, déi an de Longen an am Häerz vun den Honn hiert Onwiesen dreiwen. Fiiss sinn och hei de natierleche Reservoir. D´Honn stieche sech un andeems se den Tëschewiert friessen: Schleeken, oder deenen hiren Dreck oder Mais oder deenen hier Stullbëmmelcher.

16-03-2021 Déierentipp - Romi Roth - Labo

An elo gëtt et eekleg wann een héiert wéi et zu deene Wierm kënnt.

D´Larven ginn aus dem Muppendaarm mam Blutt an d´Long, vu wou se eropgehouscht, erëm ofgeschléckt, ausgescheet an erëm vu Schleeken  gejickt ginn, dann ass den Zyklus komplett. D´Symptomer bei Longewierm sinn net ëmmer kloer. Meeschtens gëtt gehouscht, heiansdo ass och e chroneschen Schnapp derbäi. Anerer hu neurologesch Symptomer a bludde vill. Oft muss nodeems de Parasit scho fort ass, de futtissen Longentissu nach laang weider behandelt ginn.

Beim Boy huet d´ Wuermbehandlung direkt scho gutt gehollef. No enger Woch war säin Houscht ganz ewech.

16-03-2021 Déierentipp - Romi Roth - Zyklus