Sou wéi mir alleguerten déi leschten Zäit noutgedrongen zu Hobbyvirologen gi sinn fir iwwerall matschwätzen ze kënnen, sou versicht deen een oder aneren deen en Hausdéier doheem huet och emol ze deiten op et bei sengem Mippchen éischt Unzeechen fir eng Krankheet gëtt. Mir Hobbydéierendokter maachen awer elo Platz fir d'Romi Roth fir e sécheren Diagnostik.

Mat senge bal 17 Joer war dat butzegt Chihuahua-Weibchen Frieda nach beim Impf-rv  ëm Chrëschtdag fit wéi eng Turnschlapp. An der Lescht ass  senge Leit elo awer opgefall dass de klenge Mippchen bal an engem Stéck geziddert huet wéi Wibbeldewapp! Am Ufank huet ee gemengt, dat eeklegt, fiicht-kaalt Wieder wier et an d´Schold. Mais och mat engem déck gefidderten, géint de Reen imperméabiliséierten neie Mäntelchen ass et dem Déierchen kee Fatz besser ginn. Zanter e puer Wochen huet et och vill méi gedronk an e bësse manner gefriess. Wéi bei aneren Déieren - an am Fong jo och bei eis - kann esou e Muskelzidderen oder am medezinesch-wëssenschaftleche Jargon, en Tremor, nawell vill Ursaachen hunn.  Bei e puer Hondsrassen a grad bei villen Terrieren, wou et dann och scho vun den Ziichter „Terrier-Shivering“ genannt gëtt, kann ee liichten Tremor ugebuer, also genetesch bedéngt sinn.

25-03-2021 Deierentipp - Romi Roth - Ziddereg Mippercher

Mais iwwerhaapt bei villen ale Muppen, och vun anere Rassen,  zidderen dach och gär emol déi hënnescht Patten?
 
Jo, an dat kënnt da well mam Alter d´Nervebunnen, déi d´Muskelen och an de Beweegungspausen an enger gewëssener Basis-Spannung hale sollen, méi schwaach ginn an där Funktioun net méi richteg nokommen. Da gräifen d´Muskelen ëmmer erëm no, wat no baussen als Zidderen eriwwerkënnt. Beim Frieda, dat net nëmmen hannen mä um ganze Kierperchen geziddert huet wéi Espelaf, war d´Ursaach ee Wuerzelabcès vun engem ieweschten Eck-Zant, deen och schonn op d´Kiferschank iwwergegraff hat a sécher immens wéi gedoen huet. Nodeems dee béisen Zant gezunn war, war och dem ale Mippchen säi Gezidders bis op een diskrete Rescht just grad um hënneschte Laf ganz fort.

25-03-2021 Deierentipp - Romi Roth - Behandlung