Dëst Joer ass alles anescht, och beim Télévie.
Well mer jo keng grouss Soiréeë a Fester an eisen 5 Téléviezentren organiséieren kënnen, a fir dass awer méiglechst vill Suen fir d'Kriibsfuerschung zesumme kommen wëlle mer Iech vun haut un eng Woch laang d'Méiglechkeet ginn ären Don ze maachen. Vun haut un, a bis e Samschdeg mat ass eis Nummer 80 02 66 66 besat an dir kënnt Iech mellen fir är Promesse de don ze maachen. Dir kënnt awer och online en Don maachen well all Euro ass wichteg an dëst Joer ëmsou méi. Op televie.lu an op rtl.lu fann der all déi néideg Informatiounen. An elo hoffe mer natierlech dass der fläisseg urufft an eisen Téléviecompteur ufänkt mat dréinen. Parallel schalte mer awer och all Dag an een vun eisen 5 Zentren, an den Optakt mécht Rodange.

19/04/2021 Lancement vum Téléviecompteur
RTL

De ganzen Dag kann een weider uruffen um 80 02 66 66. Déi Nummer ass besat an dat bis e Samschdeg den Owend mat. Rufft am beschten direkt emol un, oder maacht ären Don online.

All Informatiounen op