De Muere waren an eisem 2. Televie-Zenter zu Ëlwen. Hei si mer séier gewuer ginn dass ee sech trotz de Kris d'Motivatioun net huele gouf. Wéi huet een mat der Kris geschafft, wat waren Highlighten. Den RTL Reporter war de Mueren op der Plaz.

20/04/2021 Den Télévie-Zenter Ëlwen trotz Corona

Eisen RTL Reporter war de Mueren zu Ëlwen ënnerwee. Trotz Corona a reduzéierte Méiglechkeeten huet d'Ekipp ronderëm de Guy Henckes de Kapp net hänke gelooss. Et huet ee missen anescht weider maachen.
 
Majo dat war ganz séier fäerdeg, mir hunn den Televie 2020 op 2021 kopéiert, voller Hoffnung, well mer ëmmer gesot haten d"'Hoffnung stierft als Lescht". Et ass näischt ginn, mä mir hunn et awer bäibehalen. Den Organisatiounscomité ass bal dee selwechten. Veräiner waren am Stand-by a mir hu vu Restriktiounen zu Restriktioune geschafft. Dat eenzegt wat mer konnte maachen, war fir Chrëschtdag, hei hu mer eng Online-Vente organiséiert, wou ech op dëser Plaz nach eemol de Kënschtler wëll Merci soen, si hate ganz flott Saachen dohinner gestallt déi mir konnte versteeën.

 
Ee flotte Projet gouf et dann trotz Corona. Club-Haus op der Heed hat z.B e flotte Fotosatelier organiséiert. Detailer vum Tania Draut.
 
Mir hu Fotoe virum "green screen" gemaach. Well d'Leit de Moment néierens hikommen, konnte se sech virum green screen fotograféiere loossen an dann hu mir so op Plazen op der Welt hi reese gelooss, wou een am Moment net hikënnt oder ebe mat Leit mat deen normalerweis net ka geknipst ginn. Mat dobäi waren: Wäisst Haus, Plage a Portugal, den Dalai Lama war drop, Kanner hu sech mam Harry Potter knipse gelooss a Kanner wollte mam Waasserpäerd vun der "Eisprinzessin" geknipst ginn. Mir hate lauter flott Hannergrënn déi konnt aussichen an esou konnte Leit sech fotograféiere loossen.

680 Euro sinn esou zesummekomm, déi dann och de Mueren un de Centre de Promesse Ëlwe gaange sinn.
Ee weideren Highlight ass dat grousst Televie-Häerz wat den Owend wäert devoiléiert ginn. De Guy Henckes mat den techneschen Donnéeën.
 
Eng Symbios aus Aluminium an Inox a Stol. 2,50 Meter Héich an 2,50 Meter breet. 406 Puzzle-Stécker sinn drop gaangen déi eisen Organisatiounscomité ganz fläisseg verdeelt hat. E grousse Merci sinn dass si esouvill Stécker verdeelt hunn an och e grousse Merci un all déi Leit déi matgemaach hunn.

De Mindestasaz fir esou e Puzzle-Stéck waren 30 Euro. Et ass e Pak zesumme komm.

Maacht hei Ären Don:

Oder rufft un:
8002 66 66