Intelligent Mënschen sinn onuerdentlech a fluchen? Et gi sou munch ongewéinlech Etüden iwwer d'Thema Intelligenz, déi eis berouegen an eis den Androck vermëttele mir wiere méi intelligent wéi den Duerchschnëtt. D'Nicky Soisson huet fir Iech déi 5 Eegenschafte erausgepickt déi, der Wëssenschaft no, en Zeeche fir Intelligenz solle sinn.

31032021 5 Unzeeche fir Intelligenz

1. Als Kand hat Dir Musekscoursen

Erënnert Dir Iech nach un déi flott Musekscoursen an der Schoul, wou Dir Iech mat enger Flütt ronderëm geplot hutt? Fir déi eng war dat Ganzt eng richteg Corvée, anerer haten den Dréi séier eraus well se well virdrun ugefaangen hunn en Instrument ze léieren. Mol méi oder mol manner fräiwëlleg, ma wéi och ëmmer: vill Etüde hu bewisen, dass eng musikalesch Ausbildung déi verbal Intelligenz - also déi Form vun Intelligenz, déi beim Sproochgebrauch a Sproochverständnis genotzt gëtt — vu Kanner fërdert. Vläicht e Grond déi Flüttecoursen haut mat aneren An ze gesinn?

2. Dir hutt schwaarzen Humor gär

Dir laacht iwwer Witzer, bei deenen aner Leit sech schockéiert weisen? Da gehéiert Dir eventuell zu deene méi Intelligenten ënnert eis. Dat op mannst beleet eng nei Etüd vun der Uni Wien, bei där den Humor vun 156 Persounen - dorënner 76 Fraen - ënnersicht gouf. D'Participante sollte sech 12 Comicken ukucken an hiert Verständnis an hire Pleséier bewäerten. Dës Weidere gouf hire verbalen an non verbalen IQ getest. Et huet sech erausgestallt, dass déi Grupp, déi et net esou mat schwaarzen Humor hat, bei den IQ-Tester duerchschnëttlech ofgeschnidden huet. Déi Grupp awer, déi eng grouss Virléift fir schwaarzen Humor gewisen huet, hat eng héich verbal an non verbal Intelligenz. 

3. Dir sidd eng Nuetseil
Dir gehéiert éischter zu der Kategorie Nuetseil an dat och ënnert der Woch? Gléckwonsch, en Unzeeche weider dofir, dass Dir zu deene méi intelligente Mënschen op dëser Welt zielt. De Psycholog Santoshi Kanazawa vun der London School of Economics and Political Science konnt unhand vu senge Fuerschunge beweisen, dass Leit mat engem méi niddregen IQ (ongeféier 75) ënnert der Woch dacks nach viru Mëtternuecht schlofe ginn. Wien e méi héijen IQ huet (ëm 125), dee bleift owes och mol gär bis hallwer 1 waakreg.

4. Dir hutt fréi ugefaangen ze liesen
Am Kader vun enger Etüd vun der University of Edinburgh an dem King’s College London hu Fuerscher erausfonnt, dass Liesen am fréien Alter d'Intelligenz fuerdere kann. D'Wëssenschaftler hunn 1.890 eeneeëg Zwillingen ënnersicht an erausfonnt, dass trotz identesche Genen, déi Kanner, déi méi fréi mat liesen ugefaangen hunn, e méi héijen IQ hunn. Eventuell e Grond d'Tëlee beim Nowuess méi dacks duerch e Buch ze ersetzen?

5. Dir waart nach ëmmer virwëtzeg
Fuerscher hunn den Zesummenhang tëscht Intelligenz bei Kanner  a Virwëtz ënnersicht. Dobäi hu si observéiert, wat fir Auswierkunge sech am Erwuessenenalter erginn. Heivir goufen Intelligenztester un dausenden 11-jährege Testpersounen duerchgefouert, déi an den 1950er Jore gebuer goufen.  Wéi dës 50 Joer al goufen, hunn d'Fuerscher ënnersicht, wéi oppen déi Testpersounen neien Erfarunge géigeniwwer stoungen. D'Resultat: Leit déi mat 11 Joer e méi héijen IQ haten, ware mat 50 Joer méi virwëtzeg.