Wéi bei de Mënschen, leen d'Déierendokteren sech och hier Patientendossieren un pro Mupp oder Katz, déi se sou traitéieren, an d'Cockermeedchen Vicky ass en treien Client wou schonn villes opgeschriwwen steet. Am Hierscht hat et wéinst enger eetreger Entzündung vu senger Matrice, mat enger Nout- OP d´Gebärmutter an d´Eeërstäck ewechgeholl kritt, Romi Roth an dat ass keen einfachen Agrëff.

30/03/2021 Wanterpelz goodbye- De Reportage vum Radio

"Zanterhier huet dat siwe Joer aalt Déier eng liicht Nierenschwächt, déi mat speziellem Fudder awer gutt ënner Kontroll bleift. An et huet op eemol och een bal lächerlech décke, zerwujelte Pelz. Grad no Kastratioune vu Mudderen vu laanghoregen Hondsrassen ass dee sou genannten Muppelcherspelz keng Raritéit. Well déi weiblech Geschlechtshormoner feelen, déi jo op den ewech operéierten Eeërstäck fabrizéiert goufen, gëtt de Pelz erëm wéi bei engem Welpen. Déi méi mëll a méi dënn Ënnerwoll wuchert dann iwwert déi méi déck a blénkeg Deckhoer an d´Muppemeedercher gesinn an Extremfäll wéi beim Vicky bal aus wéi ganz laang net méi geschuerene Schof."

30-03-2021 Deierentipp - Romi Roth - Wanterpelz goodbye

d'Fréijoer mécht sech deemno och bemierkbar um Pelz vum klenge Muppes

"Zanter den éischte méi laang hellen a waarmen Deeg verléiert d´Vicky elo enorm vill fettege Schubber a Woll, wat sech doheem bal net méi geréiere léisst. Och am Normalfall kann de Pelzwiessel bis zu 2 Méint daueren. Dovir muss d´Vicky elo onbedéngt all Dag seng sëllegen lassen Ënnerwoll-Hoer eraus gekämmt kréien. Géint den Hiefpilz, deen u senger Haut ugoe konnt, well do guer keng Loft méi hikoum, gëtt et all Woch an der Bidden mat engem spezielle Shampoing behandelt. Mat Biotin, B-Vitaminen a Béierhief sollt de neie Pelz sech méi séier entwéckelen. A mat Planzen-Östrogener iwwert säi Fudder misst een dann och säi Welpen-Schofspelz meeschter ginn."

30-03-2021 Deierentipp - Romi Roth - Summerpelz