Den RTL Reporter war haut um Findel an der Fluchschoul. Wéi leeft eng Ausbildung zum Pilot of? Wie ka sech hei ausbilde loossen a wéi ass et, eng éischte Kéier eleng op engem Fliger ze fléien? Op vill Froen gouf et eng Äntwert.

Fléien. Den Dram vum Mënsch. Et gëtt der, déi erfëlle sech den Dram an zwar an der Fluchschoul um Findel. Den RTL Reporter war sech emol schlau maachen a gouf séier gewuer dass eng Fluchlizenz net bannent 3 Méint ze packen ass wéi den Olivier Krier (Kréier), selwer Pilot an Instrukter verroden huet.
 

08042021 BO Fluchschoul 1

Wa mer fir de Privatpilot schwätzen, 2 Joer. Wann ee méi Zäit huet, wann een dat net nieft dem Beruff mécht oder esou, kann een dat och e bësse méi schnell maachen. Natierlech, mir wëlle fléie mir sinn natierlech och vum Wieder ofhängeg. Dat heescht wa mer elo wéi am Moment, lescht Woch hate mer fantastescht Wieder, do konnt ee gutt vill fléien. Elo dës Woch gesäit et warscheinlech net méi esou gutt aus.

RTL

© Laurent Gillander

Dat huet dann natierlech och en Impakt op d'Dauer vun der Ausbildung. Net nëmme Privat-Pilote ginn hei ausgebilt, et kann een hei och de Wee vum Beruffspilot aschloen. De Frank Mack, President vun Aéro-Sport Luxembourg sot am Interview dass de Standuert Lëtzebuerg a zanter kuerzem och fir aner Länner ganz interessant ass.

08042021 BO Fluchschoul 2

Mir hu sécherlech eng Partie Ufroe mat der ganzer Corona-Geschicht do huet Lufthansa decidéiert hier Schoulung anzestellen. An déi Leit déi do ënnerwee waren oder sech dofir schonn interesséiert hunn, déi sichen elo auswaichméiglechkeeten a mir sinn definitiv ee vun de Partner déi méiglech sinn.

RTL

© Laurent Gillander

Do kënnt engem dann och de Simulator ze gutt deen an enger Hal weider steet. Am ganzen huet ee bei Aéro-Sport Luxembourg 13 Fligeren, déi een als Member vum Club dann och ka léinen. Dat huet dann och den Tom Ehlinger gemaach, hien huet zanter dem 16. Mäerz de Schäin an der Täsch an huet de Laurent en Tour mat an d'Luucht geholl. D'Gefill vum Fléien ass e ganzt besonnescht.
 

08042021 BO Fluchschoul 3

Et ass e schéint Gefill wann een esou e Fliger an der Hand huet. Et ass anescht wéi eng deck Boeing. Flitt sech, t'ass e bësse méi "wendeg" et ass e bëssen, et kritt ee mol e Schlag hei an e Schlag do. Dat heescht, et ass schéin am Fong.

RTL

© Laurent Gillander

Eng Erënnerung bleift dann all Pilot fir ëmmer am Kapp. Déi éischte Kéier eleng am Cockpit.

08042021 BO Fluchschoul 4

Dat ass komesch. Meeschtens stellt ee sech dann nach Froen. Normalerweis äntwert den Instrukter dann nach. Ma op eemol kënnt da keng Äntwert méi an dann ass ee sou "Eh, jo Ok, da musse mer dat elo selwer hikréien".

RTL

© Laurent Gillander

Hei geet et bei Fluchschoul: