Ouschterhues, Ouschtereeër fierwen a sichen - Lëtzebuerg huet mat villen anere Länner e puer bekannten Traditioune gemeinsam. A souguer e puer Gewunnechten, déi een nëmmen hei fënnt, wéi zum Beispill d'Eemaischen an d'Péckvillercher. Ma och an anere Länner fënnt een dach, zum Deel, e puer witzeg Bräich, déi mir Iech sou kuerz virun Ouschteren net virenthale wëllen. Nicky Soisson.

02042021 Ouschterbraich an anere Laenner

Bei eise franséische Nopere ginn an direkt e puer Stied riseg Omletten aus 5.000 Eeër preparéiert. Anscheinend soll de Napoleon well deemools ordonéiert hunn der Arméi eng enorm Omlett ze maachen, dëst als Symbol vu Frëndschaft. Och an den USA an a Kanada existéiert dëse Brauch.

Wéi hei bei eis ginn och a Bulgarien Eeër gefierft. Ma do gëtt dat 1. Ee dacks a rout Faarf gezappt a soll esou d'Blutt vum Jesus Christus symboliséieren. Op Ouschtersonndeg huelen déi Gleeweg déi faarweg Eeër da mat an d'Kierch an no der Mass gëtt et dann eescht: sou wéi mir dat och well hei kennen, ginn dohannen Eeër getéckt an dat Gacki wat um Enn ganz bleift, gewënnt a säi Besëtzer soll e glécklecht Joer viru sech hunn. Dat selwecht Spill gëtt et iwwregens och an Italien. Mam Ënnerscheed, dass et do net no der Mass mee op der Maartplaz zum Kampf ënnert den Eeër kënnt. Legendär sinn d'Italiener awer virun allem duerch hir laang Ouschterprëssessiounen.

An Tschechie musse sech d'Männer hir Eeër als éischt mol verdéngen - hier Ouschtereeër versteet sech! Op Ouschterméindeg gi se vun Dier zu Dier a liese Gedichter fir Ouschteren vir. Donieft hu si och nach e Strauch mat faarwege Bännercher dobäi, mat deem si den Hausfrae symbolesch op de Kickes schloen. Dat soll d'Fraen anscheinend jonk halen. Als Belounung ginn et da gefierften Eeër an déi eng oder aner Drëpp. 

Op de Philippinne geet et eng Nummer méi kuriéis zou: Wann um Ouschterméindeg d'Klacken ufänken ze lauden, da ginn d'Kanner mam Kapp héich gehalen. Doduerch solle se anscheinend besser wuessen! 

Ouschterméindeg ass a Polen iwwregens deen Dag mat deem héchste Waasserverbrauch vum Joer. Schold dorunner ass e Brauch, dee sech "Śmigus-Dyngus" nennt: hei netze jonk Männer op der Strooss jonk Fraen an d'Kanner hir Elteren. Déi kal Dusch soll Gléck bréngen a steet fir eng symbolesch Botz fir de Fréijoersufank. Well dat Ganzt, wéi ee sech scho virstelle kann, nawell gären ausaart an net jidderee gäre wéi e geduschte Puddel ronderëm leeft, bleiwe verschidde Leit deen Dag léiwer doheem.

An an Dänemark schreift ee sech fir Ouschteren anonym kleng Bréiwercher mat dacks witzegem Contenu. Deen, deen den Auteur vum Bréif richteg réit, dee kritt en Ouschteree geschenkt. Wie sech iert, muss eent ofginn.