Nach ass d'Fréijoer net wierklech erwächt an awer ginn et schonn déi éischt Zecken. Besëtzer vun Hausdéier dierfte net schlecht gekuckt hunn wéi déi éischt Parasitten am Pelz vun hirem Mupp oder Kaz fonnt goufen. Ass d'Zecke-Saison dëst Joer méi fréi oder kënnt et engem nëmmen esou vir? RTL huet am Haus vun der Natur op der Kockelscheier nogefrot.

Mam Fréijoer kommen Zecken. En Thema wat munch Honds- oder Kazebesëtzer d'Hänn iwwert dem Kapp zesumme schloe léist. Zu allem Iwwerfloss huet een dann dëst Joer och nach d'Gefill dass d'Saison fir déi kleng Bluttsauger éischter ugefaangen huet. Zecke gi scho bei relativ déiwen Temperaturen aktiv wéi Claudine Feller vun Natur an Ëmwelt eis am Interview verroden huet.
 
Zecke brauchen net ganz vill fir aktiv ze sinn. Also déi si schonn ab Temperature vu 7 Grad aktiv. Déi wou mer elo vill och am Süde vum Land, oder verstäerkt am Süde vum Land hunn, D'Auwaldzecke, déi ass souguer schonn ab 5 Grad aktiv. Dat heescht do geet eigentlech schonn e bësse méi e waarme Wanterdag duer oder eben 2-3 Deeg an da si se ënnerwee.

 
E grousse Mythos war ëmmer dass d'Zecken op de Beem laueren a sech dann op hire Wiert eroffale loossen. Deem ass awer net esou, se setzen haaptsächlech a Grieser an Hecken wou se dann ofgesträift ginn, Claudine Feller.

Wann een derlaanscht geet, dann hale se sech fest a se kruebelen um Kierper ronderëm a siche sech eng Plaz déi hinne gefält. Et ass awer esou dass et elo och net ass, dass ee se vermeide kann, wann ee sech seet "ech ginn elo just an de Stater Park" se sinn tatsächlech mëttlerweil iwwerall. Se sinn Doheem am Gaart. Se gi vun den Déieren an den Hausdéieren einfach iwwerall verschleeft. Se si praktesch iwwerall wou et gréng ass.
 
Fënnt een elo eng Zeck u sengem Kierper dann ass et net fir ze panikéieren esou d'Claudine Feller. Wa se sech festgebass huet, ass et wichteg net mat Ueleg oder Päsch ze hantéiere fir se eraus ze kréien. Wien dat mécht, mécht der Zeck Stress. Dësen dréit dozou bäi, dass Kierperflëssegkeete vum Parasit an eise Kierper kënnt an domat och Krankheetserreeger. Fir eng Zeck aus der Haut ze huelen gëtt et Saachen déi ee wësse muss.
 
Do gëtt et eng Zecke-Kaart oder eng Zecken-Zaang. Domat kann ee se virsiichteg erausdréinen oder eben zéien. Et ass och wichteg dass een no un der Haut usetzt dass een de Kapp matkritt an dat Déckt hannendrun, also de Kierper net zerdréckt dobäi. Dann ass et hëllefräich fir d'Saach ze kontrolléieren. E Krees ronderëm mécht mat engem Stëft, wou een och méi laang gesäit, evtl. desinfizéiert uewendrop. Wien sech méi sécher Spiert, dee kann natierlech och bei en Dokter goen an dat do eng Kéier checke loossen.
 
De Krees op der Haut ass fir no 4 - 6 Wochen ze kucken op keng Wanderröte optrëtt, wat en Indice fir eng Borrelios ka sinn. Gëtt dës fréi genuch erkannt, da kann een dat ganz gutt mat Antibiotik behandelen. Der Claudine Feller vun Natur & Ëmwelt si keng Zeckenaarten hei am Land bekannt déi eng Meningite kënnen ausléisen. Déi Zorten fënnt een an der Haaptsaach am Hunsrück an am südleche Saarland.

Haus vun der Natur: