Och wann et ausgesäit ewéi wann d'Déier eleng wier, ass d'Mamm meeschtens net wäit fort. Dofir w.e.g beim Spadséiere goen kee jonkt wëllt Déier upaken an/oder mathuelen.

D'Natur ass erwächt an et kommen ëmmer méi jonk Déieren op d'Welt. Als Spadséiergänger bemierkt een jonk Villercher a jonk Mamendéieren ewéi Huesen, Réi, Kaweechelcher oder Fiiss.

Dass se eleng sinn, heescht net dass d'Mamm se verlooss huet, et ass also normal dass se op hir Mamm waarden. Si léisst se waarden well déi Kleng nach net mobil genuch sinn fir hir iwwerall no ze goen. D'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung:

Vill Mamendéiere ginn eleng gelooss

"Wann een en Déier fënnt, wat net offensichtlech blesséiert ass oder an enger akuter Geforesituatioun befënnt, da soll een et am Beschte net upaken an do leie loossen. Bei de Réi ass et beispillsweis esou, dass dat jonkt Kitz dacks stonnelaang eleng ass, well et der Mamm bei der Fuddersich nach net nokënnt. D'Geess kënnt et dann e puer Mol den Dag nieren. Ganz änlech ass dat zum Beispill och bei jonken Huesen. Bei alle Mamendéieren muss ee sech bewosst sinn, dass ee se net upake soll wann et net absolutt noutwenneg ass, och net fir se ze heemelen. Dëst ass engersäits en immense Stress fir d'Déier  an anerersäits iwwerdréit sech de Geroch vum Mënsch op d'Déier."

RTL

© Pixabay

Dat kann dozou féieren, dass d'Mamm et herno net méi unhëlt. Bei de Villercher ass et e bëssen anescht ewéi bei de Mamendéieren. D'Iwwerdroung vum Geroch vum Mënsch op d'Déier spillt do net esou eng grouss Roll an et kann ee se emol zeréck an d'Nascht setzen. Wéini trëtt dann den Zäitpunkt bei jonken Déieren an, an deenen eis Hëllef tatsächlech gefrot ass?

Nëmmen an enger akuter Geforesituatioun hëllefen

"Dëst ass zum Beispill de Fall wann d'Mamm dout ass oder d'Déier offensichtlech blesséiert ass. Awer och wann et sech an enger akuter Geforesituatioun befënnt, ewéi zum Beispill dass et matten op enger Verkéiersinsel ass oder ganz no un der Strooss. A seelene Fäll lafe jonk Déieren och stonnelaang eleng duerch d'Géigend oder kräischen. An dëse Fäll oder och wann ee sech net sécher ass wat ee maache soll, da soll ee sech als éischt weider Informatiounen huelen. Heifir am Beschten de lokale Fierschter oder d'Statioun fir wëll Déieren uruffen."

RTL

© Pixabay

A wie wëllt am Aklang mat der Natur liewen a keen Déier opreegen, sollt sech un e puer Reegelen halen:

Den Hond un der Léngt halen an op de Weeër bleiwen

"D'Fréijoer ass eng immens aktiv Zäit wou vill jonk Déieren op d'Welt kommen an domadder och eng immens sensibel Zäit. Aus dësem Grond ass et wichteg, dass mir eis Verhalen upassen. Et ass ëmmerhin hiert Doheem a mir si just e Gaascht. Ganz wichteg ass et dofir d'Muppen un der Léngt ze halen an op de Weeër ze bleiwen. A natierlech soll een ewéi soss och ëmmer net ze vill Kaméidi maachen a keen Dreck hannerloossen."