Och vun uewen ass et hell, d'Luucht vun der Sonn gëtt nach eemol duerch d'Satellitte reflektéiert. Mir hu beim Expert nogefrot firwat Liichtverschmotzung schiedlech fir de Mënsch an d'Ëmwelt ass.

09042021 Liichtverschmotzung- net nëmmen vun der Luucht op der Äerd

Méi ewéi 3.000 Satellitten kreesen am Orbit an déi suergen dofir dass et quasi keng Plaz méi op der Welt gëtt, op där et nach richteg stackdäischter gëtt. Schonn iwwer 80 Prozent vun de Mënschen op der Äerd hunn et nuets engem hellen Himmel ze dinn. Den Daniel Gliedner, Liichtberoder am Naturpark Our:

Den Elon Musk a seng Starlink-Satellitten

"Fir nëmmen ee Beispill ze nennen- de Projet SpaceX vum Elon Musk, déi schéissen zanter 2009 massenhaft vun hire Starlink-Satellitten an den Himmel. Starlink soll eng satellitte-baséiert Infrastruktur sinn fir ee schnellen Internet, an dofir si ronn 30.000 Satellitte virgesinn; wat vun der Unzuel hir bei Wäitem alles iwwertrëfft wat bis elo do uewen ass an da si si mol nach net déi eenzeg."

D'Unzuel vun de Satellitten geet dann iwwer d'Unzuel vun de Stären eraus, déi ee mat bloussem A ka gesinn. Liichtverschmotzung wier e kulturelle Problem, esou den Expert. Weltwäit ginn et Indicen op déi ekologesch Auswierkunge vu kënschtlechem Liicht op d'Ëmwelt. Nieft dem Biotop gëtt et och e Chronotop.  

Beem, Planzen an Insekte gi beanträchtegt

"An zwar ass dat de Liewensraum, deen zäitlech begrenzt ass, zum Beispill vun der Däischtert. Zwee Drëttel vun eiser Déierewelt  ass nuetsaktiv. Dozou zielen ech dann zum Beispill d'Hallschent vun den Insekten oder och nach déi meescht Amphibien. Dann ass et awer och nach esou dass Beem a Planzen vu kënschtlecher Luucht beanträchtegt ginn. D'Beem werfen am Hierscht ze spéit hir Blieder of oder bléien ze fréi am Fréijoer, Insekte stierwen zu Milliarden, Zuchvigel fléie widder beliichte Gebaier... "

RTL

Fliedermais verloossen hiren Habitat a Korallen planzen sech net méi fort. An och fir eis Mënschen ass et net gutt wa permanent Luucht ass, och mir brauchen d'Nuecht. Wann et däischter gëtt, schëtt eise Kierper Melatonin aus, de sougenannte Schlofhormon. Eise Kierper soll sech erhuelen.

Kënschtlech Luucht ka krank maachen

"Häerzfrequenz, Bluttdrock, Ootmung, Kierpertemperatur a Verdauung ginn erof gefuer. D'Organer solle nuets entlaascht an den Immunsystem ënnerstëtzt ginn. Ka Luucht iwwerhaapt krank maachen? Et ass bewisen, dass Luucht Séistéierungen, Schwindel, Kappwéi, Migrän a Schlofstéierungen ervir bréngt. A Korea ass mëttlerweil bewise ginn, dass de Verbrauch vu Schlofmëttelen mat der Hellegkeet vum Wunngebitt a Verbindung steet. An Etüde beweisen, dass eng hell Schlofkummer d'Warscheinlechkeet fir Depressiounen, Häerzkreeslaferkrankungen an Iwwergewiicht erhéicht."

E lauter gutt Grënn also fir an der natierlecher Däischtert ze schlofen a manner Luuchten unzemaachen.