Zanter leschter Woch dierfen d'Caféen an d'Restauranten nees hir Terrassen opmaachen, dat gëllt dann och fir d´M.S Princesse Marie-Astrid, eent vun deene wuel bekanntste Passagéierschëffer op der Musel. An do ware mir an eisem RTL-Reportage op Besuch.

15/04/2021 Op der Marie-Astrid

De stolzen Numm kënnt och net vun ongeféier, si ass nämlech no eisem Grand-Duc senger Schwëster benannt. De Léon Gloden, de President vun der Entente touristique de la Moselle erkläert wéi et dozou koum.

Léon Gloden: Et war einfach fir de Lien och mat deem Groussherzoglechen Haff ze maachen, well si och grousse Bekenner zu der Musel sinn. Si kommen oft op d'Musel a gudden an och a schlechten Zäiten, wann zum Beispill Héichwaasser ass. An et ass och einfach een Numm, deen och no baussen eng gewësse Wierkung huet. Et huet eppes ganz Nobles an et steet och fir d'Philosophie vun dësem Schëff.

 

D'Prinzessin huet et dann och héchstperséinlech gedeeft. Dat éischt Schëff fiert zanter 1966, mëttlerweil ass et schonn déi 5. Princesse Marie-Astrid, déi hir Ronnen op der Musel zitt. Dat alleréischt ass verbrannt, duerno sinn ëmmer mol nees Neier kaaft ginn, déi den neien Uspréch, déi mat der Zäit komm sinn, méi gerecht goufen. Dat 5. Schëff fiert zanter 2010 an elo och nees rëm déi éischte Kéier fir 2021. D'Josiane Zeimet vun der Entente touristique huet zesummegefaasst, wat een erwaart, wann een elo op d'Schëff kënnt.

Josiane Zeimet: Also wann een heihinner kënnt, da muss een natierlech d'Mask unhunn. An da geet een duerch d'Schëff raus op d'Terrassen. Wou een sech dann op säin Dësch setzt, maximal zwou Persounen. Ausser et ass een Haushalt, wou dann ebe méi Leit un engem Dësch kënne sëtzen. Et sinn déi genee Reegelen, wéi an der Restauratioun och sinn. Den Dësch op 1 Meter 50 Distanz a mir hunn d'Chance, dass mir ganz grouss hei sinn. Do komme mir gutt laanschteneen.

 

Reservéiere kann een, muss een awer net. An eppes Klenges ze iessen, kritt een och. Dass d'Schëff an de Wanterschlof geet, ass net ongewéinlech, och wann et dës Kéier eng gezwongenermoosse méi laang Paus war. De Jürgen Emmes ass de Schiffsführer vun der Marie-Astrid a këmmert sech och dann ëm d'Schëff wann et net fiert, freet sech awer elo och wann et nees lass geet.

Jürgen Emmes: Ja, wir hatten einen langen Winter, durch Corona hatten wir lange nichts zu tun und freuen uns, wenn es endlich wieder losgeht. Wir hoffen, dass das Wetter dementsprechend ist, wenn nur draußen aufgemacht werden darf... Ja, wir hoffen auf viele Gäste.

Wien nach bësse méi wëll gewuer ginn, kann alleguerten d'Reportage bei eis um radio.rtl.lu nolauschteren. Do gëtt een dann och gewuer, wat de Schengen Accord mat der Marie-Astrid ze dinn huet.