Zanter Méint kann een op verschiddene Platzen am Land erëm Concerte mat Oplagen erliewen, um Beispill vun engem Jazz Concert déi lescht Woch am CAPE zu Ettelbréck, fillt den Dan Vinkowski de Bols, bei de Museker, der Direktioun an dem Public.

08042021 DV-RTL Reportage CAPE Concert

D’Leit freeën sech erëm däerfen e Concert ze erliewen, och den Direkter vum CAPE ass frou, fir de Carl Adelsteinsson, ass d’Organisatioun am Moment awer net ëmmer esou einfach;
All Owes ass e besonnescht Gefill, mir sinn zu Lëtzebuerg op, zesumme mat Spuenien a Monaco, déi eenzeg Länner wou d’Kulturhaiser kënnen an Europa op hunn.

Et spiert een och bei de Kënschtlerinnen a Kënschtler dat se immens emotional dorobber reagéieren.

Genau esou wéi mir, all Owend den hei ka stattfannen, sinn ech glécklech, zesumme mat der Equipe, well mir haten net spéider Gëschter e Concert de mer hu missten annuléieren, well ee Member vum Sträich Quartett, war positiv getest ginn, do hu mer misste reportéieren.

Mir kruten awer och haut eng Annulatioun vun engem Concert de sollt am Mee statt fannen, well de Museker däerf eraus aus Israel, mee kënnt awer net méi eran, wann en aus Europa kënnt, also si mer awer nach ëmmer an engem ganz fragillen Terrain ënnerwee.

Et mierkt een ëmmer erëm dat en Op Ootme kënnt, an der ganzer Equipe, wann se erëm kënnen hei sinn a wann se erëm kënne fir d’Konscht an d’Kënschtler schaffen.

D’Astrid, d‘Sängerin vun der Jazz Band Marchmallow, huet wärend de Concert e puer mol gesot, wei frou se waren erëm op enger Bün ze stoen;

Ça fait quand même assez longtemps, que nous n’avons pas eu l’occasion de jouer, de partager un concert avec du public. Le dernier concert date du mois octobre dernier, et ce sont toujours des émotions très importantes qui remontent, lorsque on partage quelque chose de si émouvant, des émotions si fortes avec les gens.

An den Direkter weess wéi wichteg grad elo d’Kultur ass;

Kultur ass net nëmmen a Krisenzäite wichteg, mee virun Allem ass se a Krisenzäite wichteg. Et ass enger Säits e couragéierte Schrëtt fir d‘Heiser, d’Bibliothéiken an d’Muséeën opzemaachen, mee et ass gesellschaftlech immens wichteg. Kultur, alles wat e ka besiche goen, u Concerten, Theater Stécker oder an enger Bibliothéik, ass Perséinlechkeets bildend fir e Mënsch, et ass awer och e Ventil fir Emotiounen. Dat en erëm erauskënnt, och a Confinementszäiten, ass wichteg, a wann d’Kultur hire Beitrag dozou ka lëschten, voilà.

An de Public genéisst et

De ganzen Interview mat der Jazz Band, Marchmallow aus Frankräich kritt der zesumme mam Link bei déi ganz Saison vum CAPE op radio.rtl.lu

08042021 DV RTL ITW Marchmallow
RTL