En Déier soll een jo ni als liewege Spillkomerod ukucken, mä d'Kanner sinn einfach ze frou mat Hausdéieren. Dat muss net ëmmer eng Kaz oder en Hond sinn, mä och Hamsteren an Mierschwéngercher stinn ganz uewen op der Lëscht vun de beléiftsten Hausdéieren. Et ass awer och nëmmen normal dass een dann vun Zäit zu Zäit beim Veterinär bis laanscht kuckt wann eppes net stëmmt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut nees e klenge Patient op 4 Patten ëm dee se sech këmmere muss.

RTL

© AFP/Archiv/JORGE GUERRERO

De Brutus, en hellblonden Angora-Mierschwéngerchersbéckchen, war net gutt drop. Zanter e puer Wochen hat dat 6 Joer aalt Déierchen ëmmer nees e bëssen Duerchfall, an et huet och däitlech méi oft wéi soss Pippi gemaach. An der Lescht war hien och vill méi wibbeleg. Eent vun de Kanner hat och gesinn, dass d´Mierschwéngchen sech ëmmer u sengem ënneschte Bauch iwwert de Käfegbuedem geschauert. Déi laang blond Fliichten waren dowéinst do och scho zu enger Brosse geschruppt ginn. Dat Symptom war et dunn och, wouwéinst mat Ultraschall a Röntgenbiller dem Béckchen säi Bauch gekuckt gouf. Wat de Verdacht, dee mir haten, confirméiert huet: de Brutus hat massiv Blosesteng. Déi meeschte louchen och nach an der Blos, ee ganz groussen hat et bis kuerz virun d´Sortie gepackt.

08-04-2021 Deierentipp Romi Roth - Blosesteng beim Mierschwengchen

Et kann ee sech bal net virstelle, wéi wéi dat deem aarmen Déierchen gedoen hu muss?

Jo, mä grad Mierschwéngercher weisen och extrem Péng immens laang iwwerhaapt net. Dat Verhalen ass am Fong nëmmen aartgerecht. An et kënnt dohier, dass Déiercher, déi an hirem südamerikanesche Wëldbiotop evident krank sinn, vum Rescht vun hirer Sipp net méi akzeptéiert ginn, wat fir si méi schlëmm wéi d´Péng duerch Blosesteng ze si schéngt. Dem Brutus säin décksten Urolith konnt einfach eraus masséiert ginn. D´Blos déi mat Steng wéi ee Jickesäckelchen voll gestoppt war, huet mat enger Operatioun missen eidel gemaach ginn. Nieren- a Blosesteng si bei Mierschwéngercher iwwert 5 Joer immens heefeg a kommen dofir als Ursaach fir all Zort vu Bauchwéi vu vireran ëmmer a Fro.

08-04-2021 Deierentipp Romi Roth - Blosesteng sinn heefeg