Et ass schéin, wann een owes Heem kënnt an de Mupp kënnt engem entgéint gesprongen. Et huet ee sech séier un déi léif Gewunnechten gewinnt fir Moies en Tour mam Déier ze dréinen an och owes virum schlofe goen. Mä net ëmmer ass eisen treien Gesell a Form, a ganz dacks weess een och net direkt u wat et leit a wat schif leeft. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall aus der Praxis matbruecht wou d'Déier immens Péng hat.

Dem jonken Englesche Bulldog Gaylord seng Aen waren ganz rout an hunn e bësse wässreg getréint. Als Ursaach hat een fir t´éischt déi spatz Krallen vun der neier klenger Kaz vun der Famill am Verdacht, mat deenen dat Déierchen sech energesch géint dem Gaylord säin opdrénglecht Geschnoffels gewiert hat. Aus der eegener Apdikt hat seng Meeschtesch nach Tréinenersatz-Drëpsen, déi och gutt gehollef hunn bis de jonke Bëlles carrement no senge Leit geschnaapt huet, wa si mat der Fläschelche komm sinn. Och an der Praxis war hien vun elauter Péng esou rosen, dass eng Berouegung néideg war fir seng Aen ze ënnersichen. Op béide Säiten ass dunn eng schwéier Conjonctivite mat enger Hornhautentzündung, enger Keratite fonnt ginn.

13-04-2021 Déierentipp - Romi Roth - dréchent A

Kee Wonner, dass hien sech net méi gewäerde gelooss huet! Dat deet jo awer och terribel wéi?

Alles, wat un der Hornhaut, der Fënster vum A, net an der Rei ass, muss! - schonn fir d´Visioun an domat d´Iwwerliewen am Wollefsbiotop ze schützen - immens wéi doen. Och a grad bei engem Englesche Bulldog, dee jo vum Wollef wäit fort ass, an dowéinst nach vill méi kriddeleg Aen huet. Mat engem sou genannten Schirmer-Test goufen dem Gaylord seng Tréinendrüsen ënnersicht. Dobäi gëtt mat enger Sträifen speziell genormtem Filterpabeier ofgelies, wéi séier d´Tréinen dee Pabeier naass maachen. Beim Gaylord sinn déi Filterziedelcher bal ganz dréche bliwwen. Hien hat eng béidsäiteg KCS, Kératoconjonctivite sèche oder dréchent A. Fir e puer Deeg huet hien misse géint Péng behandelt ginn, duerno ass dat mat den Drëpsen Tréinenersatz ganz gutt gaangen. Ee Gléck well KCS ass leider net ze heelen an d´Drëpsemedikament muss hien dowéinst fir de Rescht vu sengem Liewen e puermol all Dag a seng Ae kréien.

13-04-2021 Déierentipp - Romi Roth - Hornhautentzuendung