An Zäite vu Covid ass et schwéier Leit ze erreechen, och fir den Télévie. Dacks ass et jidderee fir sech, keng Kontakter a keen Treffe mat ville Leit. Trotzdeem ginn et och ëmmer nees Benevollen, déi dat ganzt Joer iwwer un den Télévie denken a Sue sammelen. Eng dovunner ass d´Patty Lepage. D'Lea Schwartz war si besichen.

20/04/2021 Télévie - privat Spende gesammelt am Kampf géint de Kriibs

Am Gaart schaffen an Zäit mam Mupp Silka verbréngen, dat si Saachen déi d'Patty Lepage gäre mécht. Zanter knapps 2 Joer ass déi fréier Geschäftsfra elo an der Pensioun. Bis viru kuerzem huet si sech nach em hire Papp gekëmmert am Januar ass hien awer am Alter vu 90 Joer gestuerwen. Scho virun e puer Joer huet si hir Mam verluer. Deemools u Kriibs.
 
Och hire Monni ass mat 49 Joer u Longekriibs gestuerwen. De Kriibs huet an hirer Famille vill Lächer an d'Familljefotoe gerappt. An esou geet et ville Familljen. Et wär hier dofir wichteg d'Recherche ronderëm dës Krankheet ze ënnerstëtzen.

Wéi hire Papp an aner Familljemembere gestuerwe sinn, huet si sech dofir entscheet Sue fir den Télévie ze sammelen.

Um Enn si ronn 11 000 Euro am Januar bei hirem Papp zesummekomm. Am Kampf géint de Kriibs.