Den Ursprong vum Motor Sport an déi éischt Coursen haten eis jo dëser Deeg interesséiert. Ugangs ass jo nach ganz normal op der Strooss gefuer ginn. D’Rennstrecken, esou wéi mir si haut kenne koume méi spéit. Si feieren 2021 hiren 100. Anniversaire. Eng dovun ass Spa Francorchamps an de belschen Ardennen. De Christian Schmit mat Detailer.

19/04/2021 100 Joer Renn Strecken, Spa Francorchamps

Effektiv feiert de Circuit vu Spa Francorchamps dës Saison den 100. Anniversaire.

Mee déi éischt Renn Streck déi gebaut gouf, esou weess den Auteur vum Buch Automobilsport zu Lëtzebuerg Goy Feltes eis ze verzielen, dat war Brooklands an England?

Well een an England eben ganz traditionell sinn, hu si sech schwéier gedoen op enger offizieller Strooss däerfe séier ze fueren. Dofir op dann dat op engem privaten Terrain. Dat dunn zu Brooklands. 

Vläicht och dowéinst well d’Vitesse Limitatioun an England deemools bei just 32 km/h louch.

Déi Circuiten waren och enz Zort Hippodromen. Och um Belaire Velodome sinn alt mol Motorrad Course gefuer ginn. 

Päerds Course a Course mat méi där Päerdercher parallel souzesoen. 5,23km laang war den Oval, 2000 Aarbechter hunn dru gebaut, Sëtzplaze fir 5000 Visiteuren, a si sollt mat 150 000 Pond zu Buch schloen. Hei war d’Inauguratioun schonn am Joer 1907, mee em en offiziellen Titel ass do ni gefuer ginn.

Anescht bei eise belsche Noperen zu Francorchamps?

Also 1921 war deen éischte Circuit, dee vum Royal Automobile Club de Belgique organiséiert gouf. Spa esou wäit sinn se ni komm. Mee Spa war den Aushänger.

Fir vill Pilote jo dee schéinste Parcours iwwerhaapt.

Spa Francorchamps, dee Circuit ass scho faszinant.

Deen éischte Lorberkranz fir de Gewënner gouf et bei enger Course fir Motorrieder, eben 1921.

En aneren 100. Gebuertsdag ass dee vun enger anerer Renn Streck, d'AVUS zu Berlin?

A nach en 100. Anniversaire vum Goy Feltes da gläich hannendrun.

Elo feiere mir dëst Joer, wat vläicht ganz interessant, de Succès vu Bugatti 1921, mat den 3 Podiums Plazen zu Brescia 

Op Veterane Course kann ee mäi Vis à vis, de Goy Feltes nach dacks gesinn. Hu si bei all der E-Mobility eng Zukunft?

Oh doudsécher. Eis Geschicht déi musse mir lieweg halen, a fir déi puer Kilometer déi mir Gecken do nach fueren, also ech mengen dat bleift nach ganz laang.

100 Joer Renn Strecken, a mat Spa Francorchamps eng quasi vrun eiser Hausdier. Wéi vill am Laf vum Joer gefeiert dierf ginn, mir si gespaant. Hänkt, wéi esou villes, am Moment vum Pandemie Verlaf of.

Vläicht jo och mat enger Oldtimer Course, dat géif de Goy Feltes besonnesch freeën.

De Circuit Spa Francorchamps mat senge 7km Längt an der berühmter Kéier "Eau Rouge". 1950 gouf eng éischte Kéier eng Formel 1 Course do gefuer.Mat 1'46" 28 aus dem Joer 2018 hält de Valtteri Boittas am Moment de Strecke Rekord. 

Am Laf vum Joer dierfte mir bestëmmt do nach mol passéieren, sollt dann do dierfe mat Public gefeiert ginn.